80-20 oder: Dir kënnt mech emol mat Ärem Referendum!

« Approuvez-vous l’idée que les résidents non luxembourgeois aient le droit de s’inscrire de manière facultative sur les listes électorales en vue de participer comme électeurs aux élections pour la Chambre des Députés, à la double condition particulière d’avoir résidé pendant au moins dix ans au Luxembourg et d’avoir préalablement participé aux élections communales ou européennes au Luxembourg ? »

2015 hunn ech mech, wéi vill anerer, ëffentlech fir de Jo beim Referendum an der Fro vum Awunnerwahlrecht ausgeschwat. A wéi vill anerer kréien ech dat haut nach an de Kapp gehäit a ginn, wéi vill anerer, bei allméiglechen Themen, och där déi näischt mam Referendum ze dinn hunn, op d’Plaz gewise mat Spréch ewéi “Huet deen nach ëmmer näischt geléiert nom 80-20 vun 2015?”. weider liesen

Ons Heemecht

Ons Heemecht
(Michel Lentz / Serge Tonnar)

Wou d’Uelzecht durech d’Wisen zéit
Duerch d’Fielsen d’Sauer brécht
Wou d’Rief laanscht d’Musel dofteg bléit
Den Himmel Wäin ons mécht
Dat ass d’Stéck Äerd, fir dat mir géif
Zesummen Heemecht soen
Dat ass d’Stéck Äerd dat mir so déif
An onsen Hierzer droen

A sengem donkele Bëscherkranz
Vum Fridde stëll bewaacht
Sou ouni Pronk an deiere Glanz
D’Natur nach ëmmer laacht
Fir dass nach muer dat seet all Kand
Net just an eidelen Dreem
Gi mir gutt uecht op Floss a Land
Well hei si mir doheem weider liesen

Opruff un d’Politiker déi an d’Regierung wëllen: Huelt dat Wuert net an de Mond!

Et ass nach net souwäit, an awer héieren ech et schonn, dat Wuert wat no de Wahlen am meeschte wäert falen. D’Wuert fält a fält, bis et et méi opzehalen ass, fält ëmmer méi déif a méi séier, bis et mat engem Knuppert ganz ënnen ukënnt an an dausend Stécker flitt. Wielerwëllen.

Et geet schonns domat un, dass et de Wielerwëlle guer net gëtt. D’Wieler wëlle ganz ënnerschiddlech Saachen, souguer ënnert de Wieler vun der selwechter Partei ginn et Ënnerscheeder. Wann zwou oder méi Parteien also reng zueleméisseg op eng Majoritéit kommen, heescht dat nach laang net, dass si de Wielerwëlle representéieren, mol net de Wëlle vun all de Wieler déi si gewielt hunn. Et gëtt souguer keen eenheetleche Wielerwëllen ënnert de Wieler vun engem eenzele Politiker. Déi eng wielen des Persoun zum Beispill, well se immens gutt ausgesäit, déi aner well se sou enorm kompetent ass, nach anerer vläicht nëmme well se gratis Croissante versprach kruten. weider liesen

Opruff un d’Medien: Leet d’Lat méi héich!

Perséinlech Beleidegungen. Ënnerstellungen. Opstëppelen zum Haass. Friemefeindlechkeet. Anti-Intellektualismus. Opriff géint d’Meenungsfräiheet. Mobbing…

D’Lëscht ass net fäerdeg. D’Lëscht vun den erschreckenden Tendenzen an de Commentairen an den digitale Medien an an de sozialen Netzer. Wat nach viru kuerzer Zäit ondenkbar war, gëtt eis ewell ongefiltert an déi gutt Stuff gekippt. Dass d’Toleranzschwell well vill méi niddereg ass dréit dozou bäi, dass des Tendenzen ëmmer méi Gehéier fannen, dass déi, déi se verbreeden, sech ëmmer méi wichteg huelen an och méi wichteg geholl ginn, dass intolerant Gedankegutt sech an der Gesellschaft breet mécht a schlussendlech un der politescher Muecht lant. weider liesen