Fir de Fridden

Merci un d’Organisateuren Amnesty International Luxembourg an Comité pour une Paix Juste au Proche Orient déi mech agelueden hunn op dëser Manifestatioun d’Wuert z’ergräifen. Ech si kee Porte-parole vun iergendenger Organisatioun a schwätzen och net am Numm vun de Lëtzebuerger Kënschtler, jiddereen huet e Recht op seng Meenung. Ech kann a wëll hei just a mengem Numm schwätzen.

De Konflikt am noen Oste suergt zanter Joerzéngten fir Leed a Misär, d’Geschicht ass mëttlerweil esou komplex, dass all normale Mënsch den Iwwerbléck verléiert. Dofir wëlle vill Leit och keng Meenung ausdrécken, dofir an awer och wéinst dem Gefill dass egal wat ee seet falsch ass, well ëmmer Leit sech ugegraff oder blesséiert fillen.

Haut muss een awer seng Stëmm hiewen, géint déi grausam Krichsféierung vun Israel, wou déi zivil Bevëlkerung am Gaza doutgemaach gëtt, Millioune Leit an d’Flucht an an d’Aarmut gedriwwen an Zéngdausenden ëmbruecht ginn, och a Flüchtlingslager, bei Hëllefsconvoien, och Leit déi sech erginn, och Geiselen aus dem eegene Land, och, an ëmmer erëm, Kanner.

Als ee vun Dosende Kënschtler hunn ech dofir och de Bréif ënnerschriwwe mat engem Opruff un eis Regierung en direkten a permanente Waffestëllstand ze fuerderen a Moossname géint Israel z’ergräifen, sou laang dat net de Fall ass.

Negativ Reaktiounen op dee Bréif, a meng ëffentlech Stellungnam dozou, hunn net op sech waarde gelooss. Direkt kënnt d’Fro, firwat een näischt géint d’Attentater vum 7. Oktober seet, an déi israeelesch Geiselen net ernimmt. Wat stellen déi Leit sech vir, déi ëmmer nees mat sou Virwërf kommen? Dass een den Terrorakt vun der Hamas an hir Geiselname géif gutt heeschen? Natierlech heesche mir dat net gutt. Mir hunn eis doriwwer entrëscht, mir hunn dat condamnéiert, an eise Staat huet dat och onzweedeiteg an eisem Numm gemaach. Mir kënnen awer an där Saach elo leider näischt méi guttmaachen. Bei deem wat am Moment awer nach am gaangen ass ze geschéien, kënnen a musse mer eis Stëmm hiewen, an zwar mat demokratesche Mëttele wéi Protest, ëffentleche Stellungnamen, Manifestatiounen oder Fuerderungen un eis Regierungen. Déi, déi dat verhënnere wëllen, oder Leit aschüchteren, déi hir Meenung soen, dat sinn déi, déi der Demokratie haut an hei schueden.

Et ass iwweregens genee dee selwechte Gronn, firwat een d’Attentater vum 7. Oktober condamnéiert, firwat een haut muss e Waffestëllstand fuerderen, an natierlech eng Befreiung vun de Geiselen a politesche Gefaangenen op alle Säiten. Wien d’Attentater vun der Hamas verurteelt, muss haut och d’Krichsféierung vun Israel verurteelen. Mir si géint de Krich, géint Gewalt a fir de Fridden, dat ass eis Flicht als Humanist, egal wéi enger Relioun een ugehéiert oder net. Soss hu mer op eisem moralesche Kompass den Norde verluer.

Square Jan Palach, 2.3.2024