JICKECLUB

Serge Tonnar
Gittar, Zinti, Stëmm
Rom “Wäissen” Christnach
Bass, Stëmm
Dirk Kellen
Battri, Stëmm

Rockeg. Rotzeg. Ruppeg. De “Jickeclub” ass eng nei Formatioun ronderëm de Songwriter Serge Tonnar. Mam Serge op der elektrescher Gittar, dem Rom “Wäissen” Christnach um Bass an dem Dirk Kellen op der Battri bilden si wat een e “power trio” nennt, eng Zort Rockband déi um Enn vun den 1960er Joren opkoum.


De Grupp huet sech um Trounwiessel gegrënnt de 4. Oktober 2025. No enger Residenz zu Gent sinn och nei Lidder derbäi komm. 4 Titelen ginn et op der EP “Jickeclub” ze lauschteren.

JICK
Pluriel: Jicken (ouni -n: Jicke)
1.              DE           Murmel
                  FR            bille [jouet]
                  Beispill: an der Paus hunn d’Kanner mat de Jicke gespillt
2.              DE           Ei [Hoden]
                  FR            couille [testicule]
                  Beispill: an där enker Box kréien ech meng Jicke wéi

JICKECLUB
Pluriel: Jickeclubben (ouni -n:Jickeclubbe) / Jickeclibb
                  DE           unbedeutender Verein, x-beliebiger Verein
                  FR            club de seconde zone, club minable, club de rien du tout
                  Beispiller: An eiser Gemeng kritt all Jickeclub en décke Subsid, just mir net!
                  De Veräin vun de Schrëftsteller ass e richtege Jickeclub.