Kënschtler géint ADR

Amis artistes, signez l’appel ICI

🇱🇺 Kënschtler géint ADR

Wielt op kee Fall d’ADR.

Si ginn u fir Lëtzebuerg ze stoen, mëssuechten awer d’Villfalt vun de Kulturen, déi Lëtzebuerg ausmécht.
Si ginn u fir eis Kultur ze stoen, mëssuechten awer déi, déi d’Kultur maachen.

Si profitéiere vum Onsécherheetsgefill vun de Leit.
Si ginn u fir d’Fräiheet ze sinn, mëssuechten awer d’Fräiheet vum Aneren.
Si ginn u fir d’Meenungsfräiheet ze sinn, huelen awer keng Géigemeenung un.
Si hale Fakte fir Meenungen an hir Meenunge fir Fakten.
Si toleréieren net nëmme faschistesch Aussoen an hire Reien, et ass hinne souguer Wurscht.

Konschtfräiheet ass der ADR Wurscht.
Kënschtler, deenen hir Aussoen hinnen net passen, huelen si op d’Geriicht a versichen si monddout ze maachen.
Si hunn awer kee Problem dermat, Konscht fir hir eegen Zwecker ze mëssbrauchen.

Mir si Lëtzebuerg.
Mir sinn d’Kultur.

Wann Iech Lëtzebuerg a seng Kultur eppes wäert ass:
Wielt op kee Fall d’ADR.

🇫🇷 Artistes contre l’ADR

Ne votez an aucun cas l’ADR.

Ils prétendent défendre le Luxembourg, mais ne respectent pas la variété des cultures qui font le Luxembourg.
Ils prétendent défendre notre culture, mais ne respectent pas ceux qui font la culture.

Ils profitent du sentiment d’insécurité des gens.
Ils prétendent défendre la liberté, mais ne respectent pas la liberté de l’autre.
Ils prétendent défendre la liberté d’expression, mais ne tolèrent pas l’opinion de l’autre.
Ils prennent des faits pour des opinions et leurs opinions pour des faits.
Ils ne tolèrent pas seulement des propos fascistes dans leur rangs, ils s’en foutent carrément.

L’ADR se fout de la liberté artistique.
Les artistes dont les propos ne leur conviennent pas sont attaqués en justice
En revanche, ils n’ont aucun problème à abuser de l’art pour leur propre fin.

Nous sommes le Luxembourg.
Nous sommes la culture.

Si le Luxembourg et sa culture vous sont importants:
Ne votez an aucun cas l’ADR.