1843 fir 1584

1843 elektronesch Ënnerschrëfte sinn zesummekomm fir eis Petitioun 1584 mam Titel: “Ons nei Heemecht, Besser liewen zu Lëtzebuerg”. Mat där Petitioun wollte mir, a mat eis 1841 aner Mënschen aus eiser Gesellschaft, dass Liewensqualitéit, Solidaritéit, Gesondheet an Nohaltegkeet zu dauerhafte Prioritéite fir dat politescht Handelen zu Lëtzebuerg erkläert ginn. Mir wollte Verännerungen, an der Bereetschaft eng responsabel Liewensweis unzehuelen, fir e bessert Liewen haut, a fir déi nächst Generatiounen, ze garantéieren. Mir wollten, an dëser gréisster gesellschaftlecher Kris déi mir jee erlieft hunn, net nëmmen nokucken a kommentéieren, ma eegen Initiativ weisen an eis Stëmm hiewen. Mir wollten en Debat iwwer weesentlech Wäerter, dee mam Virus definitiv aus der Politik verschwonne war. Mir wollten ze verstoe ginn, dass mir zu méi sinn, déi no der Coronakris net einfach hannescht wëllen, an de verréckte Liewensrhythmus vu virdrun.

Mir hunn eis an eisem Text bewosst op Grondwäerter beschränkt, a keng konkret Moossname virgeschloen, well et d’Aarbecht vun der Politik gewiescht wär, no enger breeder demokratescher Consultatioun, Moossnamen a Mechanismen anzeféieren, fir déi Wäerter ëmzesetzen. Esou wollte mir méiglechst vill Leit erreechen, wat mat engem Moossnamekatalog sécher méi schwéier gewiescht wär, well do, och wann ee sech am Prinzip eens ass, d’Meenungen ausenaner ginn. 1843 Leit sinn also mat de Grondprinzippien averstanen. Wéi vill wären et der nach gewiescht, wa mer zu all Prinzip konkret Moossname virgeschloen hätten, déi noutgedrongen dacks onpopulär ausgefall wären?

Well an der Quarantän d’Ënnerschrëftesammlung op Pabeier net erlaabt war, hu mer elo Recht op weider 42 Deeg fir déi nozehuelen. Dat géif bedeiten, dass mer elo nach 6 Wochen uechtert d’Land zéie missten, fir em Ënnerstëtzung ze biedelen, an der Hoffnung weider 2657 Ënnerschrëften ze sammelen. Mir maachen dat net, dofir soll eis pétition publique elo an eng pétition ordinaire ëmgewandelt ginn, an d’Chamberkommissioun vun de Petitiounen entscheet, wéi eng Suitten si hir wëll ginn.

Mir sinn dofir awer net enttäuscht oder verbattert, well mer guer net wosste wat an dësem Kampf géif op eis duerkommen, dofir also keng Erwaardungen haten, déi hätte missten erfëllt ginn. Am Géigendeel, mir fannen, dass 1843 Mënschen en zolitte Koup sinn, a wann ee sech eis all gesammelt virun der Chamber virstellt, kann ee sécher sinn, dass mir esou fir eng grouss Opmierksamkeet gesuergt hätten, a Medien a Politik net einfach ewechgekuckt hätten.

An eisem klenge Kampf hu mir nämlech och gemierkt, wéi ustrengend et ass, wann ee sech als Bierger Gehéier wëll verschafen, wéi zréckhalend d’Leit am Engagement sinn, wann et net em eng Ee-Punkt-Petitioun geet, vun där ee sech direkt e Gewënn erwaart, a wéi ee vu ville Säite Steng an de Wee getässelt kritt. Sou si mir vu verschidde Säiten als naiv Idealisten duergestallt ginn, déi menge si kéinten d’Welt retten, als Egozentriker, déi sech als Helleger an Zeen setzen, als Naschtbeschmotzer, déi géint de Fändel an d’Natioun ginn. Opfälleg war, dass sou pauschal Verurteelunge souwuel vu Lénksintellektuellen, wéi vu Rietspopuliste koumen.

Och d’Diere vun de Medien, mat enger eenzeger Ausnam, sinn eis zougemaach ginn, Lieserbréiwer net verëffentlecht ginn, eis Nofroen onbeäntwert bliwwen. Verschidde Journalisten hunn eis souguer perséinlech Lektiounen erdeelt an op d’Fangere geklappt. Do wou déi, déi un der Muecht sinn, Dag fir Dag op den éischte Säiten an an der prime time eng Kuliss fir hiert Uleies gebuede kréien, do trëfft de Bierger, mat deem eenzege politeschen Drockmëttel wat him zur Verfügung steet, op zouen Dieren. Och Parteien, grad ewéi Organisatioune mat änlechen Ziler, hu sech, mat ganz wéinegen Ausnamen, net hannert d’Grondwäerter vun der Petitioun gestallt.

An awer hu mir zu 1843 festgestallt, dass mir net déi eenzeg sinn, déi fannen, dass et méi dréngend wéi jee ass, eng aner, besser Liewensqualitéit ze schafen. E grousse Merci dofir un all d’Signatairen, an en duebele Merci un déi léif Mënschen, déi aktiv matgehollef hunn. Mir däerfen elo ee Joer laang keng Petitioun mat dësen Theme maachen. Dat heescht awer net, dass mir elo an d’Pensioun ginn. Mir hu Leit an Initiative kennegeléiert, déi änlech Gedanken hunn, a wäerten eis sécher u weideren Aktioune bedeelegen. A mir gleewe weider drun, dass mir eng nei Heemecht brauchen, déi méi mënschlech, méi solidaresch, méi tolerant a méi nohalteg ass.

Sabine & Serge Tonnar-Stoltz