Aus der Heemecht

Den neien Album, zesumme mam Georges Urwald, ass elo digital eraus.
Bekannten a manner bekannte lëtzebuerger Lidder aus dem 19. Joerhonnert op eng radikal perséinlech Manéier. Mateneen, an och mol géinteneen, zielen d’Stëmm an de Piano eis d’Geschichten aus de Lidder vun deemools an enger neier Sprooch, a loosse beim Nolauschterer d’Gefiller opliewen, déi de Kär vun dësen Texter a Melodien ausmaachen. “D’Meeche vu Gëtzen”, “De groussen Hexemeeschter” oder “De Feierwon” huet ee wuel nach ni sou frech héieren, an awer am Respekt vun den Originaler, déi auserneegeholl goufen fir se, mat vill Improvisatioun, oder gliddeg aus der Pan, nei opliewen ze loossen.

HEI GEET ET BEI DEN ALBUM

Déi zwee Hären kann een och um Kulturkanal KUK live aus der Villa Louvigny erliewen.