Fir wat kämpfe mer grad ?

Fir wat ?

Eng kleng Fro, fir déi mer am ganzen Akafsstress (fir déi eng) oder Engagement fir d’Mënschheet (fir déi aner) vläicht nach keng Zäit haten.

Mir wëllen iwwerliewen. Dat schéngt kloer. Mee fir wat? Also net nëmmen firwat (1 Wuert), mee fir wat (2 Wierder).

Ass et nëmmen fir z’iwwerliewen? Nee, dat wär e Selbstzweck a geet net duer. A sorry fir et nach emol kloer ze maachen: mir stierwen all. Dofir si mer iwwerhaapt hei. Wa mer net géife stierwen, géife mer iwwerhaapt emol net liewen.

Mir kämpfen a wëllen iwwerliewen fir all déi schéi Saachen, déi am Mënsch sinn: Liewensfreed, Bewosstsinn, Genéissen, Léift, staark Gefiller a Mateneen. Wa mer just kämpfen fir z’iwwerliewen, an herno do sëtzen, an all dës schéi Saache vergiess, verluer a verléiert hunn, dann hu mer fir näischt gekämpft. Da kënne mer grad sou gutt gläich de Läffel ofginn. Sou wichteg wéi mer all mengen, dass mer wären, si mer nämlech net.

Loosst mer eis un all Reegelen an Aschränkungen halen, awer ouni eis just nach panesch dorëms ze këmmeren, a virun allem ouni eis mënschlech Wäerter iwwer Bord ze geheien. Mir brauchen och kee Corona Liveticker, deen eis all Minutt eng nei Noriicht an de Kapp gehäit, déi an e puer Stonne schonn net méi stëmmt. Déi wichteg Noriichten gi mer souwisou gewuer.

Loosst mer léiwer all Moment drun denken, fir wat mer dat iwwerhaapt maachen, a kommt mir maachen et mat Liewensfreed, Bewosstsinn, Genéissen, Léift, staark Gefiller a Mateneen.