Wann äre Covidiot eise Covidiot…

CARTE BLANCHE OP RTL

D’Pandemie huet eise sproochlechen Ëmgang matenee verännert, an dat net zum Beschten, geet et dach dacks drëm säi Vis-à-vis an en Tirang ze klaken, ze beleidegen oder ze stigmatiséieren. D’Spléckung vun der Gesellschaft fänkt an der Sprooch un, dat mengt de Serge Tonnar a senger Carte Blanche.

carte blanche serge tonnar

Wann äre Covidiot eise Covidiot nach eemol Covidiot vernennt, vernennt eise Covidiot äre Covidiot sou laang Covidiot, bis äre Covidiot eise Covidiot nët méi Covidiot vernennt! Den éischten Zweck vun der Sprooch ass et Inhalter ze transportéieren. Si ka ganz komplex Konzepter eriwwerbréngen, ass op aneren Niveauen awer méi beschränkt: Probéiert emol engem de Geschmaach vun enger Äerdbier ze vermëttelen, deen nach ni eng giess huet. D’Sprooch ass och dofir do de Saachen en Numm ze ginn, a si esou ze katalogiséieren. Sou hu mer déi knolleg rout Fruucht déi aus dem Buedem wiisst “Äerdbier” genannt, an zanterhier weess jidderee wat domadder gemengt ass. Dat ass ganz praktesch, féiert awer och dozou, dass mer all Äerdbieren an een Dëppe geheien, wou se a Wierklechkeet all verschidde sinn.

Dat selwecht maache mer och mat de Mënschen. Mir ginn hinnen Etiketten nom Geschlecht, der Hierkonft, dem Ausgesinn, dem Beruff oder dem Alter. Oder mir deele se op a Geimpfter an Net-Geimpfter, a vergiessen dacks all déi aner Eegenschaften. Sou riskéiert een op eemol just nach an Tiräng ze denken an et kënnt zur Spléckung oder zum Stigmatiséieren, besonnesch wann negativ Ausdréck derbäi kommen. Schwätze mer mol guer net vun der aggressiver Sprooch vun Extreemisten, wou et jo evident ass, och net vum liichtfankege Gebrauch vu Begrëffer wéi Diktatur, Sklaverei oder Faschismus, deen iwweregens vu ville Säiten dacks ongerechtfäerdegt an dofir verharmlosend benotzt gëtt. Och manner krass an ewell salonsfäeg Ausdréck, wéi Covidiot, Impf-Schof oder Schwurbler, bréngen eis auserneen, wann och vläicht op méi eng subtil Manéier. Dass de sougenannte Schwurbler och Schräiner, Papp vun 2 Kanner a Vëlosfuerer ass, interesséiert op eemol net méi. Verbal Beuerteelunge soen sou am Fong manner aus iwwert deen, un dee se geriicht sinn, wéi iwwert, deen, dee se benotzt. Deen dréckt domadder nämlech säin Urteel aus a signaliséiert an engems gär seng moralesch oder intellektuell Iwwerleeënheet.

Dës an änlech Katalogiséierunge si vläicht ganz kamoud fir engem säi Weltbild ze vereinfachen, si sinn awer och en Zeeche vu geeschteger Lidderegkeet a lauden d’Enn vum Dialog an. A wann d’Leit ëmmer erëm an en Eck gedréckt ginn, an dee se u sech net gehéieren, lande se duerch déi sproochlech ausgeléisten Ausgrenzung ëmmer méi am Abseits, wou se dann vun den Extreemisten a Populisten mat oppenen Äerm empfaange ginn, wéi d’Politbarometeren eis däitlech genuch weisen.

Dofir ass et net nëmme wichteg iwwert wat, ma och wéi mer matenee schwätzen. Misst et net en Zeeche vun Humanismus sinn, oder ganz einfach vu Manéieren, fir eng nuancéiert Sprooch ze gebrauchen, an och sproochlech Respekt an Toleranz un den Dag ze leeën, och, oder besonnesch, wann een net enger Meenung ass? Dës verbal Zréckhalung schéngt am Moment komplett verluer gaangen ze sinn, wat net nëmme fir linguistesch Ëmweltverschmotzung an de Medien an an de sozialen Netzer suergt, ma och fir Sträit am richtege Liewen. Vläicht misst an der Erzéiung allgemeng méi Wäert op Humanismus geluecht ginn, a bei de Sproochen, och méi Wäert op d’Roll vum Dialog an dem Ëmgang mateneen. Natierlech muss een och emol punktuell méi eng graff Sprooch benotze kënnen, dat ka souguer poetesch sinn, Faarf an d’Gespréich bréngen an zum Nodenke ureegen. Problematesch gëtt et, wa se just nach fir systematesch Ausgrenzung suergt, well all Kläpperei, Krawall oder Krich fänkt mat sproochlecher Gewalt un.

LINK OP RTL