#echgleewenun2022

Ier mer eis opreegen, dass de Booster net schnell genuch do ass, oder no enger Impfflicht jäizen, solle mer eis bewosst sinn, dass d’Impfung kee Recht an (nach) keng Flicht ass, mee e Privileeg fir déi Räich, déi politesch a sanitär komplett onsolidaresch handelen. D’Weltgesondheetsorganisatioun warnt nach emol, dass déi räich Länner, ënnert deene mir eis ganz uewe befannen, mat de Booster-Impfungen d’Pandemie warscheinlech verlängeren. Dass een als eenzel Persoun vun der Offer profitéiert, wann ee se bis virun d’Dir geliwwert kritt, ass verständlech, fir sech ze bretzen ass et awer net, et soll een dat mat der néideger Schimmt an Dankbarkeet entgéint huelen, an d’Politik drun erënneren, dass d’Solidaritéit net hannert der Grenz ophale kann, besonnesch bei enger Pandemie, déi keng Grenze kennt.

Och muss dréngend e radikale Wiessel vun eisem Liewensstil kommen, besonnesch wat de Globaliséierungswahn, d’Sklaverei vun den Déieren an d’Zerstéiere vun hirem Liewensraum ugeet, well mir selwer domat e groussen Deel vun der Schold vum Opkommen a Verbreede vun sou Viren hunn (wéi notamment den Dr Schockmel kierzlech op der Tëlee sot, oder och den Drosten an Däitschland). Back to normal gëtt et net, mir sollten eis dru winnen. Mir all, an d’Politik ganz vir, mussen iwwert de Krisemanagement eraus un enger neier Zukunft fir d’Mënschheet schaffen. Dat ass keng kleng Aufgab.Mat dësem Denkstoff wënschen ech jidderengem schéi Feierdeeg an e gudde Rutsch an e Joer, wat nei Weeër wäert bréngen.