Schouschter, bleif bei denge Leeschten

Iwwert den ongesonden Afloss vum Sanitären op dat Politescht

Schouschter, bleif bei Denge Leeschten

Iwwert den ongesonden Afloss vum Sanitären op dat Politescht  

Fir politesch korrekt ze sinn, muss een ewell bedéngungslos fir eng Impfflicht sinn. Wie Bedenken huet, mécht sech verdächteg, oder ass keen Deel méi vun der Léisung. Ëmmerhin huet jo e Rot vu sanitären Experten entscheet, dass d’Impfflicht den eenzegen Auswee aus der Pandemie ass. Scho virum Debat an der Chamber sot de Xavier Bettel dann och, dass dës Experten fir d’Decisioun zoustänneg sinn, a kee Wee derlaanscht geet. War et dann net ëmmer esou, dass d’Experten do sinn fir ze beroden, an d’Politik fir z’entscheeden? Sou gesäit et mol och den däitschen Expert par excellence, de Christian Drosten, a seet zum Thema Impfflicht : ” Das muss die Politik entscheiden, ob sie das über die Impfpflicht machen will oder auf anderen Wegen. ” (Tagesspiegel 15.1.2022). 

Eng Impfflicht ass kloer eng politesch Entscheedung, a keng sanitär.  A fir sou Entscheedunge misst op d’mannst och den Experten aus den anere Beräicher nogelauschtert ginn, wéi zum Beispill der Mënscherechtskommissioun, déi iwweregens fënnt, dass et net de Moment ass, fir eng Impfflicht anzeféieren. Ma ethesch, moralesch, sozial an humanitär Argumenter schénge keng Roll méi ze spillen an eisem Entscheedungsprozess. D’Aussoen an d’Haltung vum Premier kommen engem vir wéi eng Entwäertung vun alle Gremien, déi sech ëm déi mënschlech Froe këmmeren,  wat dann och ausdrécklech vum Ethikrot bedauert gëtt. A wann een auserwielte Grupp vu sanitären Experten déi politesch Entscheedungen hëlt, an dat an enger Decisioun, déi de Premier fir déi wichtegst hält, déi hien bis elo mat ze droen hat, da muss ee sech jo bal froen, firwat mer iwwerhaapt nach e Premier an eng Regierung brauchen.

Mat allem Respekt fir déi onermiddlech Aarbecht, déi Dokteren, Virologen an Epidemiologen leeschten: politesch Entscheedungen ze huelen gehéiert net zu hirer job description. Si kënnen de Wee weisen, sollten awer kee Rot ofginn iwwert déi politesch Method wéi de Wee ze huelen ass, a scho guer net fir d’Entscheedung selwer verantwortlech sinn. Si kréien domadder eng Muecht déi hinnen net zousteet, an dat ass demokratesch bedenklech.

Dass engem sou e Pouvoir, verbonne mat intensiver Mediepresenz, kann zu Kapp klammen, huet den Dr. Gérard Schockmel rezent bewisen, wéi en op RTL op eng Fro, op déi en u sech mat sanitären Detailer äntwere sollt, e politesche Monolog gehalen huet, wou e sech a seng Aarbecht selwer lueft, an d’Regierung schaarf kritiséiert. En huet sech och nach spezifesch op eng Persoun ageschoss, an zwar op d’Gesondheetsministesch Paulette Lenert, déi net genuch op hien a seng Kolleege gelauschtert hätt. Dat selwecht widderhëlt e kuerz drop am Paper Jam. Et freet ee sech, wéi een sou eppes behaapte kann, wou mir dach alleguer zwee Joer laang live materliewe konnten, wéi d’Medezinner wéi nach ni virdrun mat zu Rot gezu gi sinn. Well de gudde Mann als eppes wéi en Hellegen ugesi gëtt, kënne sou Aussoen onprevisibel an demesuréiert politesch Konsequenzen hunn. Vergiesse mer net, dass de respektéierten Dokter un der politescher Glafwierdegkeet grad vun där Fra kraze geet, déi Chancen hätt, déi éischt Premierministerin zu Lëtzebuerg ze ginn. Mat sengen deplacéierte politesche Kommentaren verléisst hien op alle Fall säi Kompetenzberäich an üübt ëffentlech politeschen Drock aus, ouni dass ee weess, wat e genee domadder bezwecke wëll a wat seng Motivatioune sinn. Aus Press a Politik koum awer bis elo keng Reaktioun.

Iwwerhaapt schéngt de Wand fir d’Paulette Lenert gedréint ze hunn. Ass si nach déi ganzen Zäit vun der Kris als e Virbild veréiert ginn, sou ass et elo am Trend op si ze klappen. Si huet sech bis elo net ënner Drock setze gelooss an der Fro ronderëm d’Impfflicht, déi si ëmmer als allerleschte Mëttel bezeechent huet, op dat si am Léifste verzichte géif. Well dat awer politesch net méi korrekt ass, gëtt déi Fra, déi an der schlëmmster Kris vun der Nokrichszäit, aus dem Näischt zum héich geluefte Krisemanager ginn ass, elo, wou mer sou lues en Enn a Siicht hunn, ëffentlech diskreditéiert. Ass dat vläicht schonn e Virgeschmaach op déi Vergaangenheetsbewältegung, déi eis no der Pandemie erwaart, wou sech da monter géigesäiteg ugeklaatscht gëtt?

Et kënnt engem vir, wéi wann a verschidden Deeler vu Politik, Press a Gesellschaft eng gewëssen Torschlusspanik herrsche géif, wéi wann d’Impfflicht nach séier misst duerchgesat ginn, ier d’Pandemie eriwwer ass. Oder bäisst d’Kaz sech an de Schwanz, an d’Impfflicht ass déi eenzeg Moossnam fir all déi aner Moossnamen opzehiewen? Sou oder sou, dat Politescht an dat Sanitäert vermësche sech op eng ëmmer méi ongesond Manéier, an et schéngt och grad dat ofzelafen, virun deem d’Mënscherechtskommissioun warnt, nämlech e politeschen Aktivismus ouni Serenitéit an Transparenz. An hirem Bréif un d’Justizministesch schreift si :  ” La Commission consultative des Droits de l’Homme exhorte le gouvernement et le parlement à consacrer le temps nécessaire à ce débat qui doit se dérouler dans un climat de sérénité et au-delà de considérations de politique politicienne. Ils doivent veiller au caractère inclusif et transparent du débat. “

Foussnout: Ech weess, ech bleiwen och dacks net bei menge Leeschten, mee als Kënschtler, oder Hofnarr, sinn ech och net censéiert en onofhängegen Expert ze sinn 😉 Ech äussere mech och net fir oder géint eng Impfflicht, stelle mer just froen iwwert verschidden Prozesser an der Politik.