Et gëtt nëmmen een Expert fir dat wat gutt fir d’Vollek ass

CARTE BLANCHE OP RTL

D’Pandemie huet eise sproochlechen Ëmgang matenee verännert, an dat net zum BescDe Virus huet déi zwee lescht Joer eisen Alldag dominéiert an d’Bezéiung tëscht dem Vollek an der Politik nei definéiert. Vläicht ass et elo un der Zäit de Punkt ze maachen, an dem Vollek d’Verantwortung zeréckzeginn, iwwerleet de Serge Tonnar a senger Carte Blanche.

carte blanche serge tonnar

De Corona réckelt grad an déi zweet Rei, an eng vu Mënschenhand gemaache Barbarei iwwerhëlt déi éischte Plaz an den Noriichten. Gesäit esou, op hirem zweete Gebuertsdag, d’Enn vun der Pandemie aus? No enger Gebuertsdagsfeier ass et op alle Fall kengem vun eis. Ma de Virus huet eist Liewen op d’Kopp gestallt a fir vill Leed gesuergt, duerch seng Schold, awer och duerch eis eegen, an duerch d’Manéier, wéi mir als Gesellschaft reagéiert hunn. Wat hu mer net alles gemaach: Mir hunn eis doheem agespaart, isoléiert vu Frënn a Famill, nogekuckt wéi Spillplazen a Schoulen zougemaach gi sinn, Maske gedroen an endlech geléiert eis d’Hänn ze wäschen, sozial Distanz agefouert, verzicht op Fräizäit, Sport, Konscht a Kultur, eis testen, impfen a boostere gelooss. Ëmmer nees hu mer nei Wourechten, Moossnamen a Gesetzer a Kaf geholl. Eng ganz Rëtsch vu Fräiheeten a Rechter sinn a Klammere gesat ginn, fir der Politik d’Méiglechkeet ze ginn, de Virus an der Gitt ze halen. Et kann een der Regierung haut och roueg e Merci ausdrécke fir de Krisemanagement, wou och fir si all Woch nei Erkenntnisser komm sinn.

No zwee Joer wär et awer un der Zäit eis Bezéiung nees z’iwwerdenken. Mir hunn der Politik, an hire sanitäre Beroder, nämlech provisoresch Pouvoire ginn, un déi si sech net gewinne sollten. Vun Ufank un war d’Vertrauen an déi eege Verantwortung vum Vollek och net grad ganz grouss, mir krute se jo praktesch ofgeholl mat Gesetzer, Verbueter an Aschränkungen. Ganz seelen si mir léif gefrot ginn. Déi ganz grouss Majoritéit vun eis huet fräiwëlleg matgemaach, an trotz eiser massiver Bedeelegung um sanitären Effort, si mer awer nach ëmmer net vertrauenswierdeg genuch. Sou si mer no eisem Impftstatus gespléckt ginn, a geschwënn soll bal déi eenzeg Moossnam, déi bis elo fräiwëlleg war, zur Pflicht ginn, op mannst fir en Deel vun eis. D’Verständnis vu Verantwortung schéngt also net ze sinn, dass mir eegestänneg Decisiounen huele sollen, nee mir sollen all, ouni Ausnam, déi Decisiounen huelen, déi d’Politik virschléit.

Misst elo net éischter Schluss gemaach gi mat der Infantiliséierung an der Momperschaft iwwert d’Vollek? Déi zwee lescht Joer waren en Ausnamezoustand; wéi mir der Politik zäitweileg erlaabt hunn ze regéiere kann an däerf net zu engem Prinzip fir d’Zukunft ginn, och, oder grad, wa verschiddener sech dat ze wënsche schéngen. No sou radikale Wiesselen an der Gesellschaft an an den Ziler vun der Politik, kënne mer nëmme frou sinn, dass et bei eis nees gläich fräi Wale ginn, wou d’Herrscher eng Kéier entmuecht ginn, a mir eis Prioritéiten nei setze kënnen. Fir d’Gesondheet vun der Demokratie kéint ee scho soen : wat éischter, wat besser. Och wann et net ganz kamoud gëtt, well duerch eng Rei Moossnamen, déi keng sanitär Motivatioun méi haten, mee just geholl gi sinn, fir Drock ze maachen, huet d’Politik selwer vill Kritiker an déi oppen Äerm vu Populiste gedréckt.

Dofir dësen Opruff un d’Politik: Dir wollt ëmmer, dass mir eis Verantwortung huelen, da gitt eis se elo zréck! Hei an och soss op der Welt gouf a gëtt et nach ëmmer een eenzegen Expert fir dat wat gutt fir d’Vollek ass. Dat ass d’Vollek selwer.

LINK OP RTL