Mäi Kand

An d’Zaldoten zéien nees an de Krich
Well de Mënsch léiert näischt aus der Geschicht
Si mir déi Gutt oder si mir déi Béis
Spillt et eng Roll wien op wien hei schéisst

An op de Pole schmëlzt dat éiwegt Äis
Mir sichen e Wee zeréck an d’Paradäis
Ma heiansdo gëtt et keen Zeréck
A mir kommen der Hell méi no e Stéck

An de Profit ersetzt de Glawen an d’Moral
Lokal oder global dat ass ganz egal
Entweder du bass aarm oder du bass räich
Ma spillt dat eng Roll als Foetus oder als Läich

An op all Eck entsteet en neie Kult
Ass en opgekläert oder ass en okkult
Déi Gleeweg wësse mol net dass se gleeweg sinn
Ma hir eege kleng Wourecht soll déi éiweg ginn

An de Mënsch weess net wat et heescht Mënsch ze sinn
A mir si metaphysesch Strummerte ginn
Eis Séilen hu keng Heemecht a keen Haus
Si ieren ouni Zil an ouni Paus

An déi Welt déi ech dir wëll weiderginn
Huet mat deem ganze Schäiss do näischt ze dinn
Meng Meenung, mäi Kand, gouf net gefrot
Si war näischt wäert, och net mäi gudde Rot

An ech hu probéiert a probéiere weiderhin
Vir ze goen an e gutt Beispill ze sinn
An op deem Wee muss een oft versoen
Och du wäerts dat fréi genuch verstoen

An déi Welt déi ech dir wëll weiderginn
Soll eng Welt vun Danz a vu Musek sinn
Eng Welt vu Frëndschaft a vu Léift
Vu Mënschlechkeet a vun Déift

An déi Welt déi lieft heiansdo just a mengem Häerz
Heiansdo ass se Fakel an heiansdo nëmme Käerz
Eng Flam déi duerch d’Generatioune geet
Déi Nee zum Krich vun den Natioune seet

Et ass déi Flam déi am Déngscht vum Liewe steet
Aus där den Universum an och eis Äerd besteet
Wéi deng Mamm an ech si hunn erkannt
Goufs du aus hir gemaach, mäi Kand