De Geck um Hiwwel

a wann d’welt sollt ënnergoen
kuck mam geck um hiwwel no
ech mengen haut as mokusdag
well muer ass ofgesot

Reservatiounen

“De Geck um Hiwwel”, dat ass de Philosoph, dee vun enger gewëssener Distanz aus op d’Mënschen an hiert Liewe kuckt, an dacks, wéi scho beim Platon, als verréckt oder net normal ugesi gëtt, grad wéi de Beatles hiren “fool on the hill”. An dëse verréckten Zäiten, huet d’Gemeng Bauschelt de “Geck” Serge Tonnar op säin “Hiwwel” agelueden, beim wonnerschéinen Aussiichtspunkt um Houfëls. Hei spillt de Museker iwwert de Summer eng Serie vun 9 Concerten, eleng op senger Gittar. Dernieft produzéieren d’Gemeng an de Serge eng Rei vun 4 Videoen, wou 12 Lidder an eemoleger Kulissen interpretéiert ginn.

Mat dëser aussergewéinlecher an nohalteger Zesummenaarbecht wëllt d’Gemeng e Kënschtler vun hei ënnerstëtzen, mat der Natur ronderëm Bauschelt am Mëttelpunkt, a senge Bierger, déi op de Concert ageluede ginn, Merci soen no de schwéieren Zäiten an der Pandemie.

1. Weekend: 30. Juli um 20:00 Auer & 31. Juli um 20:00 Auer & 01. August um 17:00 Auer
2. Weekend: 06. August um 20:00 Auer & 07. August um 20:00 Auer & 08. August um 17:00 Auer
3. Weekend: 13. August um 20:00 Auer & 14. August um 20:00 Auer & 15. August um 17:00 Auer

Videos