Congé fir d’Kultur, Kultur fir de Congé

Opruff un d’Kulturpolitik

Den 13. Januar hunn ech um Radio 100,7, eisem ëffentlech-rechtleche soziokulturelle Radio, eng Sendung héieren wou déi nei Kulturministesch Sam Tanson an den neien éischte Mann am Ministère Jo Kox ageluede waren. An dësem Gespréich, ass vun der Animatrice d’Neesaféieren vum congé culturel als eng vun de ganz wéinege konkreten Mesuren genannt ginn, op déi “d’Leit déi an der Konscht schaffen” anscheinend dréngend waarden. D’Ministesch versprécht dann och, dass en nees agefouert gëtt. De congé culturel ass e spezielle Congé deen e Salarié kann accordéiert kréien, fir artistesche Projeten nozegoen, an deen dem Patron vum Staat rembourséiert gëtt. E gouf 1994 agefouert an 2015 nees ofgeschaaft well, sou d’Ministesch vun der Zäit, “d’après les observations du ministère, le dispositif n’a pas contribué à la professionnalisation de la scène artistique et culturelle” an et wéilt ee léiwer setzen op «des mesures plus ciblées, telles que des aides sociales, des bourses d’aide à la création, au perfectionnement et au recyclage artistique».

Ech si kee Géigner vum congé culturel, an et ginn zu Lëtzebuerg vill exzellent Kënschtler, déi bei engem Patron agestallt sinn, zum Beispill am Enseignement, an de Conservatoiren oder an der Militärmusek, an déi vun sou engem Congé profitéiere kënnen. Awer ze maachen, wéi wann dat eng wichteg Mesure fir déi Konschtschafend wär, ass falsch. Et ass eng ënnerstëtzend Moossnam fir Kënschtler déi schonn e fest Akommes hunn, an et ass virun allem eng Moossnam fir hir Patronen, déi dëse Congé zeréckbezuelt kréien.

Ma fir déi Konschtschafend déi vun hirer Konscht liewen, si ganz aner Moossname wichteg, a virun allem anstänneg a reglementéiert Aarbechtskonditiounen. Ech huele just d’Beispill vun den intermittents du spectacle, also Kënschtler déi fir kuerz Zäiten an der Bühnekonscht oder am Film engagéiert ginn. D’Form vun de Kontrakter déi des Kënschtler missten hunn ass definéiert als e contrat de travail à durée déterminée oder e contrat d’entreprise. A Wierklechkeet awer kréien déi meescht ni sou Kontrakter ze gesinn, si mussen iergendwellech Konventiounen ënnerschreiwen, déi mam legale Kader wahrscheinlech näischt ze dinn hunn. Bei engem richtege Kontrakt, géif de Patron och seng parts patronales bezuelen, wat hei net de Fall ass, dat maachen d’Kënschtler gefällegst selwer, ob se grad Sue verdéngen, oder net. Déi meescht haaptberufflech Kënschtler mussen esou ënnert dem Statut vum travailleur intelllectuel indépendant eens ginn, déi Leit déi se engagéieren bezuelen net de geréngsten Deel vun de charges sociales, et gëtt kee congé payé a keng Indemnitéit bei Aarbechtsausfall.Dat hei ass just ee Beispill vu villen, déi weisen wéi wäit fort vun der wierklecher Situatioun vun de Kënschtler d’Politik, d’Medien an d’Employeuren sinn. Nodeems an déi kulturell Infrastrukturen investéiert ginn ass, dono an d’Personal wat do schafft, ass déi absolut Prioritéit vun der Kulturpolitik haut de Kënschtler an de Mëttelpunkt ze setzen, also deen, deen d’Kultur an d’Konscht mécht, an ouni deen d’Infrastrukturen eidel, d’Personal ouni Aarbecht an d’Politik iwwerflësseg wär. An da geet et drëm dem Mënsch méi Plaz am kulturellen a kënschtlereschen Ausdrock ze ginn, en un der Kreatioun deelhuele loossen, an en net just als Konsument ze gesinn. A mir brauchen innovativ Konzepter an Iddien, fir méi Kënschtler d’Méiglechkeet ze ginn vun hirer  Konscht ze liewen, ouni Nieweverdéngscht, dass se fräi an onofhängeg schaffe kënnen, u kulturellen Inhalter déi vun hei an elo schwätzen. D’Aféiere vum congé culturel geet éischter an d’Richtung d’Kënschtler z’ënnerstëtze vun engem Patron ofhängeg ze bleiwen. Fir e Kënschtler deen Inhalter schaaft, ass et fréier oder spéider awer net méi méiglech, an enger berufflecher Ofhängegkeet ze bleiwen. Ze mengen Congé fir d’Kultur wär am Moment eng Prioritéit, heescht sech fir eng Kultur fir de Congé anzesetzen, also eng Konscht an eng Kultur déi nieweberufflech, an dofir niewesächlech, bleift.