Sot emol um radio 100,7: “Mir hu geléiert Jo an Amen ze soen”

1 Stonn am Gespréich mam Natasha Ehrmann

De Serge Tonnar gouf déi lescht dräi Joer mat radikalen Ännerungen a sengem Liewen konfrontéiert. Mat gemëschte Gefiller gefiddert vun deelweis positiven Impulser fir nei Weeër ze goen a Momenter vun Desorientéierung an Afrostellung vu sengem Beruff a sengem Wee. Ugefaangen huet déi Transitioun 2019, wéi Legotrip opgeléist gouf.

Legotrip huet als Solo-Projet ugefaangen an ass 2011 zu enger richteger Band gewuess. Mam Eric Falchero, Rom Christnach a Misch Feinen. Dunn huet d’Pandemie an deen domadder verbonnene Lockdown de Kultur-Secteur brooch geluecht. An um perséinleche Plang si seng zwee Jonge mat hire Studie fäerdeg ginn a vun doheem ausgezunn. Seng zwee Bouwen, den Tun an de Luka, déi alle Béid och de Wee bei d’Musek fonnt hunn, warscheinlech vun hirem Papp getriggered.

De Serge Tonnar ass en onofhängegen Auteur, Komponist, Interpret a Schauspiller. Hien ass Autodidakt an huet aus sengem Hobby säi Beruff gemaach. Op sengem Blog nennt hie sech selwer de “Stëlltefëller”.

Viru 25 Joer huet hien säi festen Job als Journalist opginn fir fräischaffende Kënschtler ze sinn, ouni Nieweverdéngscht. Warscheinlech ass hie bis haut ee vun de ganz raren, déi dat zu Lëtzebuerg vu sech behaapte kënnen. Hien huet bei Bands matgewierkt wéi,Blue Screw, Battaklang, Taboola Rasa, Zap Zoo, Legotrip a Luna Boots, donieft huet hie sëllegen CDe produzéiert.

A senge sozialpolitesch kritesche Lidder geet hien u literaresch a musikalesch Texter aus der Lëtzebuerger Geschicht, gëtt hinnen e neie Sënn an hannerfreet déi ideologesch Konditiounen bannent deenen se entstane sinn.

2020 huet de Serge Tonnar vun engem Klassiker aus dem ale China eng fräi Nodichtung op Lëtzebuergesch gewot. “D’Buch vum Wee” vum Tao Te King ass 400 Joer virun eiser Zäitrechnung am ale China entstanen a vum Serge Tonnar an d’Lëtzebuergescht iwwersat ginn. Dofir huet hien eng Wuertwiel getraff, déi einfach ass, ouni ze vereinfachen. Am Zesummespill mat Aquarelle vum Jean-Marie Biwer.

Ob a senge Lidder oder an de soziale Medien, de Serge Tonnar ass den Hexemeeschter vun de Wierder, déi seng Gedanke géint Homophobie, Xenophobie, Intoleranz a sozial Ongerechtegkeeten ausdrécken.

Mat “Aner Lidder” huet hie sech dem Defi gestallt seng Liblingslidder op Lëtzebuergesch ze iwwersetzen an ze interpretéieren – ënner aneren – Léo Ferré, Nick Cave, Jacques Brel, Antony & the Johnsons oder John Lennon.

Haut kämpft hie fir als Kënschtler weider ze liewen an ze iwwerliewen. Dem Serge Tonnar no hätt d’Situatioun vun de Covid-Mesuren a sengem Beruff gewisen, wéi grouss d’Diskrepanz tëschent de Kënschtler selwer an dem Rescht vun der Kulturzeen ass. Hir seet: “Mir hu geléiert Jo an Amen ze soen”, wat dannn och den Titel vu sengem neien Album gëtt, deen am Oktober erauskënnt.