All d’Mënsche ginn nees Bridder

Nei Single & Videoclip elo eraus!

1

Et deet mer leed, mäi Covidiot
Et deet mer leed, du Affer mäin
Mat oder ouni QR Code
Et deet mer leed, du Täter mäin

Et deet mer leed, mäi klengen Nazi  
Et deet mer leed, du Affer mäin
Dommt Schof an Hobbypaparazzi
Et deet mer leed, du Täter mäin

Et deet mer leed korrupte Pak
Et deet mer leed, du Affer mäin
Nidderträchtege Knaschtsak
Et deet mer leed, du Täter mäin

2

Ech verzeien dir, du queeschen Denker
Ech verzeien dir, du Affer mäin
Mäi Sündebock an och mäin Henker
Ech verzeien dir, du Täter mäin

Ech verzeien dir an dengem schlechte Karma
Ech verzeien dir, du Affer mäin
Bill Gates, de Flicen a big Pharma
Ech verzeien dir, du Täter mäin 

Ech verzeien dir, houer Regierung
Ech verzeien dir, du Affer mäin
An du dee gleeft un all Verschwörung
Ech verzeien dir, du Täter mäin

Refrain

An all Aasch gëtt fräigeschwat
An d’Zopp gëtt net méi gliddeg giess
All domm Kou gëtt nees geschat
An all Schold déi ass vergiess

An all d’Mënsche ginn neess Bridder
Am Schoulhaff a beim Glas Wäin
Mir sangen nees déi selwecht Lidder
Alles wat mäin ass, ass och däin

3

Ech hunn Dech gär, mäi Covidiot
Ech hunn Dech gär, du Affer mäin
Mat oder ouni QR Code
Ech hunn Dech gär, du Täter mäin

Ech hunn Dech gär, mäi klengen Nazi
Ech hunn Dech gär, du Affer mäin
Dommt Schof an Hobbypaparazzi
Ech hunn Dech gär, du Täter mäin

Ech hunn Dech gär, korrupte Pak
Ech hunn Dech gär, du Affer mäin
Nidderträchtege Knaschtsak
Ech hunn Dech gär, du Täter mäin

Musicians:
Eric Falchero
Rom Christnach
Dirk Kellen
Ben Claus
Tom Braquet
Jacques Reuter
Romain Eiffes

Recorded by Charel Stoltz, Serge Tonnar, Eric Falchero, Paul Wiltgen
Mixed by Charel Stoltz (Holtz Sound Studio)
Mastered by Tom Gatti

Production and direction: DIVIDANTE
Director of Photography: Max Dostert
1st Assistant Camera: Loick Boulet, Laurent Rischette
Gaffer: Thibaud Mahé
Make-Up: Valentina Becker
Costume: Carmen di Pinto
VFX: Sven Fielitz
Grading: Max Dostert
Casting: Nilton Martins

Actors:
Annette Schlechter
Sandro dos Santos
Gilles Soeder
Louka Kambala
Bob Rehlinger
Mia Schuhmacher
Gilles Wagner
Rico Boever
Manu Tonnar
Nathalie Tonnar-Lucci
Anne-Marie Bachmann
Serge Tonnar

Thanks to:
Minstère des Affaires Étrangers
Paulette Lenert
Hervé Wohl
Diogo Machado Lourenco
Police Grand-Ducale 
Vincent Steines
Arri Luxembourg
Patrick Salvi
Optique Rodenbourg
With the support of FilmFund Luxembourg