Bonne merde, Eric Thill !

Oder Altwis ass dach méi gäil wéi Avignon


Bonne merde, Eric Thill, wënsche mir eis an der Bünekonscht virun engem Optrëtt. Dat ass keng Frechheet, mee en Deel vun eisem Awerglawen, well: souhaiter «bonne chance» pourrait porter malheur et provoquer l’échec plutôt que le triomphe. Ainsi, choisir un antonyme «permet de déjouer le mauvais sort qui attend celui qui va subir l’épreuve». Erlaabt mir Iech dofir, als neie Kulturminister, dat ze wënschen. Opgepasst, zum Awerglawe gehéiert och, dass een net Merci soen däerf, och dat kéint Ongléck bréngen. Firwat mir ëmmer sou eng opféieren, verstinn ech selwer net wierklech. Well wat ka scho schifgoen? Dass mer eng falsch Nout spillen? Den Text vergiessen? Eis lächerlech maachen? Wat wär da schonn? Bei engem Buschauffer oder engem Chirurg ginn et vill méi schlëmm Konsequenzen, wa bei hirem Job e Feeler passéiert. Wat soll et, mir halen eis ebe fir eppes Besonnesches, och wa mer eis am Fong wënschen, eise Beruff wär eben näischt Besonnesches, mee méi verbreet an onbesonnesch. Voller Kontradiktiounen, dat stëmmt, mir versichen och net eis Widderspréch ze verstoppen, am Géigendeel, mir stelle se op d’Bün, fir dass all Mënsch se ka gesinn.

Ech bliedere grad am geleakte Koalitiounsaccord, an ech deelen hei gär e puer Gedanken zur Kultur an e puer Wënsch fir mat op de Wee. Dat ass vermengt, ech weess, mee ech kann nun emol net anescht. Ganz am Ufank wënschen ech natierlech méi Budget. Net fir mech, ma fir d’Kultur allgemeng, also Ären neie Secteur, an ugefaange beim Ministère selwer, deen onbedéngt méi Leit bréicht. Och wann ech heiansdo mat hinne streiden, schaffen do gutt Leit, déi ganz engagéiert sinn, mee eben net genuch. Wann ech liesen, dass de Krichsbudget laangfristeg op 2 % vum PIB (!) gehéicht soll ginn, dann ass eisen Dram fir der Kultur 1% ze gi scho bal net méi éiergäizeg genuch. An, éierlech gesot, wa weltwäit konsequent a Kultur an Erzéiung investéiert géif, bréichte mer iwwerhaapt kee Budget fir “d’Verteidegung”. Komm mir gi fir eemol mam gudde Beispill vir.

D’Erhéijung vum Kulturbudget stoung jo och an Ärem Walprogramm, ënnert der Iwwerschrëft “Déi Kulturschaffend am Mëttelpunkt”. Eng gutt Iwwerschrëft, fannen ech. Nach besser wär “Déi Kulturschafend am Mëttelpunkt”, mat engem f manner sinn dann nämlech d’Kënschtler gemengt. Wéi sou oft zu Lëtzebuerg, hu mer nämlech och an der Kultur de Biddi vun hanne gesuedelt. Et gouf net fir d’éischt op déi gesat, déi d’Kultur maachen, mee op d’Steng, an deenen d’Kultur sollt oflafen. Joerzéngtelaang si Kulturtempelen an d’Liewe geruff ginn, prestigiéis huet et misste sinn, wat näischt kascht, dat ass och näischt. An enger zweeter Phase si Poste geschaaft ginn, fir déi Haiser ze managen: Direkteren, PR-Leit, Techniker, administratiivt Personal. Kënschtler si keng agestallt ginn, bis haut ginn et keng fest Truppen, kaum Orchesteren, Kënschtler schaffen an den Haiser nëmme punktuell, an ënnert hinnen nëmmen e klengen Deel vu Kënschtler vun hei. Kultur a Konscht ass awer virun allem Inhalt, d’Form an déi den Inhalt erakomme soll, kënnt duerno.

An da muss d’Kreatioun Virfaart kréien, net well se vu riets kënnt, ma well eis Kultur méi räich gëtt, wa méi Inhalter hei an elo geschaaft ginn.  D’Schafe vun neien an eegene kulturellen Inhalter gëtt bis haut zu Lëtzebuerg net nëmme kaum encouragéiert, ma oft souguer aktiv schwéier gemaach oder ënnerbonnen. Et si grad déi Schafend, déi et am schwéiersten hu vun hirer Aarbecht ze liewen: Auteuren, Komponisten, bildend Kënschtler, Song- & Screenwriter… Onbedéngt sollt d’Kreatioun vun eegenen Inhalter proaktiv ënnerstëtzt ginn, schonn an der Schoul, ma och an der Kulturzeen a bei de Kënschtler selwer.

Flott fannen ech d’Kombinatioun vun Ären zwee Ressorten, Kultur & Tourismus. Do kann een hoffen, dass an Zukunft endlech méi op d’Diffusioun vun der Bünekonscht am Ländche selwer gesat gëtt, also net nëmmen ” “Accompagner et soutenir les artistes luxembourgeois à l’étranger“, wéi et am Accord heescht, mee och “Accompagner et soutenir les artistes luxembourgeois au Luxembourg“. Kléngt evident, ass et awer leider net, well Avignon méi Glanz versprécht wéi Altwis. Dobäi gëtt et bei Kultur | lx schonn en Objektiv wat do heescht:
Rayonnement national :
Développer son ancrage dans le paysage culturel luxembourgeois ;
Encourager les échanges entre secteurs créatifs et les autres secteurs de la société civile ;
Développer les capacités de coproduction et diffusion nationales ;
Aus Erfarung kann ech Iech awer soen, dass wann een do eng Hëllef fir eng Tournée am Inland ufreet, een innerhalb vun 20 Minutten anonym ofgewise gëtt, mat de Wieder: “Kultur | lx ne soutient pas la diffusion des productions luxembourgeoises sur le territoire national, mais uniquement à l’étranger.” Wa si sech selwer net un hir Objektiver halen, wie soll et da maachen? Ech hunn do e puer mol nogehaakt, mee dat hu si net gär, vläicht ass hinnen den Ëmgang mat Kënschtler desagreabel, déi si jo net bekannt fir ëmmer Jo an Amen ze soen.

Wéi gesot, bonne merde, Eric Thill. Ech wënsche mer, dass Dir d’Kënschtler an Är Iwwerleeunge mat abannt, déi hu keng richteg Lobby, mee si sinn ëmmer bereet matzedenken, meeschtens souguer ouni gefrot ze ginn, a Problemer léisen ass den éischte Punkt an hirer job description. A gitt deem falsche Glanz aus dem Wee, an deem sou munech “acteurs culturels” sech gäre sonnen an d’Kënschtler an de Schied stelle wëllen. Altwis ass dach méi gäil wéi Avignon.