Mat lénks

déi Lénk feat. Serge Tonnar & Irina Holzinger

Lauschter d’Stëmm, du hues näischt ze verléieren
Lauschter d’Stëmm, si kënnt vu bannen
A wann s du dech léiss vun hir féieren
Dann hues du alles, alles ze gewannen
Mat lénks!


Sech lénks engagéieren ass kee politeschen Opportunismus, et mécht een et net fir sech perséinlech Virdeeler z’erwaarden. Villméi lauschtert een op seng Stëmm vu bannen, dem Verlaangen no enger méi gerechter Gesellschaft, no méi Solidaritéit. Et ass en intuitiven Asaz fir méi Mënschlechkeet, an engem System, wou déi meescht näischt méi ze verléieren hunn. Dofir huet ee just nach alles ze gewannen, wann een deenen seng Stëmm gëtt, déi als onermiddlech Idealiste fir méi Gerechtegkeet kämpfen.

Ëm dësen Engagement geet et am Lidd “Mat lénks”, geschriwwe vum Serge Tonnar, an interpretéiert mam Irina Holzinger an dem Chouer vun déi Lénk. De Videoclip gouf opgeholl an der eenzegaarteger Minn vun Hussigny-Godbrange, wou een hautno erliewe kann, wéi d’Mënschen sech nach bis an d’70er Joren vreckt geschafft hu fir dee Räichtum ze schafen, vun deem bis haut awer nëmmen eng Minoritéit wierklech profitéiert.

__________________

S’engager à gauche n’est pas de l’opportunisme politique, on ne le fait pas dans l’attente de bénéfices personnels. On écoute plutôt sa voix intérieure, celle qui désire une société plus juste, plus de solidarité. C’est un investissement intuitif pour plus d’humanité, dans un système où la plupart n’ont plus rien à perdre. C’est pourquoi on a tout à gagner quand on donne sa voix à ceux qui, en idéalistes infatigables, luttent pour plus de justice.

Cet engagement est le sujet de la chanson « at lénks», écrite par Serge Tonnar, et interprétée par Irina Holzinger et le chœur de déi Lénk. Le clip vidéo a été enregistré dans l’extraordinaire mine de Hussigny-Godbrange, où l’on peut redécouvrir de près, comment les gens se sont éreintés jusque dans les années 70 pour créer cette richesse, dont seule une minorité bénéficie réellement jusqu’à aujourd’hui.

Mat lénks
(Wierder & Musek: Serge Tonnar. 2023)

1
Lénks, dat ass do wou net riets ass
Lénks, dat ass wou däin Häerz schléit
Lénks, dat ass wou s Du doheem bass
Lénks heescht Solidaritéit

Refrain
Lauschter d’Stëmm, du hues näischt ze verléieren
Lauschter d’Stëmm, si kënnt vu bannen
A wann s du dech léiss vun hir féieren
Dann hues du alles, alles ze gewannen
Mat lénks!

2
Lénks, dat ass e gellegt Passwuert 
Lénks, de Schlëssel fir d’Fräiheet
Lénks, wou jiddereen eng Plaz huet
Lénks heescht Kampf fir Mënschlechkeet

3

Lénks, dat ass de leschten Auswee
Lénks huet Virfaart, fro net wéi
Lénks wou ‘t aus dem Labyrinth erausgeet
Lénks seet Häerz, Verstand a Séil

4
Mat lénks ass et wou mir eis wieren
Mat lénks well de System eis all krank mécht
Mat lénks marschéiere mir duerch d’Liewen
Mat lénks bis dass den Doud eis rifft bei sech

5
An du weess, wann d’Häerz ophält mat schloen
Wanns Du gees, da kucks kuerz no hannen
An du sees Äddi ech muss elo goen
An iech bleift alles, alles ze gewannen

Mat lénks
(paroles et musique: Serge Tonnar. 2023)

1
À gauche, c’est à l’opposé de la droite
À gauche, c’est là où ton cœur bat
À gauche, c’est là où tu es à la maison
À gauche, ça veut dire solidarité

Refrain
Écoute la voix, tu n’as rien à perdre
Écoute la voix, elle vient de l’intérieur
Et si tu te laisses guider par elle
Tu aura tout, tout à gagner
Avec la gauche!

2
À gauche, c’est un vrai mot de passe
À gauche, la clé pour la liberté
À gauche, où chacun a sa place
À gauche, c’est le combat pour l’humanité

3
À gauche, c’est la dernière issue
À gauche, priorité absolue
À gauche, c’est la sortie du labyrinthe
À gauche, disent coeur, raison et âme

4
Avec la gauche, nous nous défendons
Avec la gauche, parce que le système nous rend malade
Avec la gauche, nous marchons à travers la vie
Avec la gauche, jusqu’à ce que la mort nous appelle

5
Et tu sais, quand le cœur cessera de battre
Quand tu t’en iras, tu regarderas derrière toi
Et tu diras, salut, je dois partir
Et il vous reste tout, tout à gagner