make love not war

Oder wéi sech am Feind geiert gëtt

Ech si Kënschtler an Aktivist, niewebäi Member vun déi Lénk, an zanter enger Zäit éierenamtleche Ko-Moderator vun hirer Facebooksäit. An där Charge hunn ech zwee Posten gemaach, op deenen een eemol de Putin an eemol de Biden, an enger Barbie-Ästhetik gesäit, mam Sproch “Make love not war”. Wann een déi eeler Hären esou weist, d’Leadere vun den zwou gréissten Atommuechten, an Zäite wou et tatsächlech e Risiko gëtt, dass et zu engem oppene Krich tëscht hinne komme kann, mam Sproch “Maacht Léift, kee Krich”, da kann d’Ausso méi däitlech net sinn. Mir wëlle kee Krich op deem Niveau. Mir si fir Léift (also och fir Fridden). Och d’Ästhetik schwätzt eng kloer Sprooch, déi een an de sougenannten Barbenheimer-Memes erëmfënnt, also ironesch Biller, déi op kritesch Themen aus den zwee Filmer Barbie an Oppenheimer verweisen: géint Patriarchat an de Konsumwansinn a fir eng grouss Virsiicht géintiwwer de Gefore vum atomare Militarismus.

Kloer wéi eng Bullettszopp. Hat ech geduecht. Hate wuel och déi 150 Leit geduecht, déi en Domm, en Häerz oder e Laache geschenkt hunn. Wuel well ech naiv sinn, hunn ech dunn net schlecht gestaunt, wéi déi Biller ganz séier dat, wat ee gemengerhand e Shitstorm nennt ausgeléist hunn. Nach méi iwwerascht war ech, wéi ech festgestallt hunn, dass déi allergesch Reaktiounen net nëmme vun extreem riets (an dem Roy sengen neie Kolleegen) koumen, mee och vun allen anere Richtungen a Stréimungen. An et ass alles a säi Géigendeel an déi Biller eran interpretéiert ginn: si wäre pro-riets, anti-lénks, anti-queer, pro-Putin, pro-kapitalistesch, pro-kommunistesch… Verschidde Leit hu ganz radikal an aggressiv reagéiert, och meng Persoun gouf ugegraff, aner Membere vun der Partei goufen opgefuerdert sech gefällegst ze äusseren. Déi ganz äifreg hunn de Shitstorm mat op aner Plattforme geholl, wéi bei dem Elon Musek säin X (ex-Twitter) an do hirer Entrüstung fräie Laf gelooss. Ganz gäre gëtt och ëmmer nees Lénke-Bäsching bedriwwen (jo, déi Gréng, dir sidd net déi eenzeg, déi gebäscht ginn), an entgéint aller Evidenz behaapt, d’Partei géif dem Putin aus der Hand friessen (Éierlech? géif een da sou e Post maachen?).

Eigentlech sollt meng Serie vu Portraiten nach weidergoen, an ophale mat enger Ënnerstëtzung fir dem Xavier Bettel seng Wierder (jo et kann een heiansdo mat him averstane sinn), wéi hien Enn Juni am Wort sot: “Ein Waffenstillstand zwischen der Ukraine und Russland ist jetzt das Wichtigste“ –  „Ich glaube, dass jetzt die einzig intelligente Lösung wäre, wenn Putin und Selenskyj wirklich miteinander reden würden“ oder nach „Es gibt keinen Grund für den Krieg. Krieg anfangen ist einfach. Einen Krieg zu beenden, zeigt Größe.“

Well meng Aktioun, déi wuel provokativ a méideiteg war, awer op sou e grousst Onverständnis gestouss ass, hu mer decidéiert se ofzebriechen. Perséinlech bedaueren ech, dass mer ëmmer méi gespléckt sinn, jiddereen ëmmer méi radikal nëmmen nach fir säin eegent Weltbild a senger eegener Seefeblos ass, an net déi geréngsten Ironie verdréit, dorënner ganz vill Leit, déi iwwerzeegt sinn, si géife sech fir Toleranz an Eenheet asetzen, a Wierklechkeet, an dacks onbewosst, awer fir ëmmer méi Trennung a Radikaliséierung suergen. Well sou extreem Ugrëff an Ënnerstellungen, vun alle Säiten, schueden um Enn dem Pluralismus, well se all Rescht vun (an all Recht op) Debattekultur ënnergruewen. An domadder, léif Frënn a Feinden, iert Dir Iech net nëmme gewalteg am Feind, ma Dir gitt och den eigentleche Géigner vun der Demokratie Réckewand, wéi wa si däers net scho méi wéi genuch hätten. Sollte mer net nees zesumme géint si virgoen?