GIN TONNAR

Schaarft Geschier fir schaarf Zongen.

Kreativ, onkonventionell, ouni vill Schnickschnack a schaarf op der Zong. Zesumme mat Opyos Beverages hunn ech een Gin entwéckelt, dee sech duerch eng peffereg a liicht Schäerft auszeechent.
D‘Mazeratioun vu Szechuanpeffer an Chillischoten am Opyos Luxembourg Dry Gin suerge fir eng peffereg Wierz an ee liicht Picken op der Zong.
Limitéiert op 500 Fläschen, all eenzel handsignéiert.

Mat Virsiicht ze genéissen!