Léiwer Herrgottsblieschen

Léiwer Herrgottsblieschen
Gitt ons Speck an Ierbessen
Ee Pond, zwee Pond
Dat anert Joer da gitt der gesond
Da gitt der gesond

Loosst déi jonk Leit liewen
An déi al Leit stierwen
Kommt der net bal
D’Féiss ginn ons kal
Kommt Der net gläich
Da gi mer op d’Schläich
Kommt der net geschwënn
D’Féiss ginn ons dënn
Kommt Der net gewëss
Da kritt Der eng gutt op d’Schnëss

(E Schouss voll Nëss)

Léiwer Herrgottsblieschen

Loosst déi jonk Leit liewen
An déi al Leit stierwen

Dës zwou Zeilen aus “Léiwer Herrgottsblieschen”, dem iwwerliwwerte Lidd fir Liichtmëssdag, si schonn an eiser Kandheet zenséiert an ersat ginn duerch:

Loosst déi jonk Leit liewen
An déi al derniewent

Obwuel an eisem Lidderbuch “Mir sangen”, 1978 vum Erzéiungsministère erausginn an “approuvé par la commission d’instruction“, d’Zeile mam Stierwen dra stinn. Firwat kënne mer also déi al Leit net stierwe loossen? Firwat musse si ob onbestëmmten Zäit nieft deene jonke liewen? Firwat ass den Doud en Tabu, ëmmer negativ konnotéiert? Natierlech ass den Doud vun noe Mënsche vun Trauer begleet. Ma wa mer dem Doud duerno de Monopol vun eise Gefiller iwwerloossen, weise mer him méi Respekt wéi dem Liewen. An et ass jo awer grad d’Liewen, dat eis déi Mënsche geschenkt huet, an e Liewen hält mam Doud op. Ouni Doud gëtt et kee Liewen, an ëmgedréint, dat misste mer dach sou lues wëssen. Mir géife besser drun doen, dem Doud géintiwwer eng gesond Haltung unzehuelen, an och de Kanner sou eng bäizebréngen. A wat ass den Doud iwwerhaapt? Ass et just dee Moment, wou mer aus dem Liewe ginn? Oder och déi Onendlechkeet duerno? A wat ass mat der Onendlechkeet virun eisem Liewen? Ware mer do och schonn dout?

Loosst déi al Leit stierwen heescht soss näischt, wéi dem Liewe säin natierleche Laf loossen, sech net wiere géint dat wat ass, a wou mer keen Afloss drop hunn, d’Natur unerkennen. Am iwwerdroene Sënn sinn dës Zeilen en Opruff fir d’Lassloossen, géintiwwer allem wat stierft, wat kënnt a geet, net festhalen um Materiellen. Stierwe loossen ass also eng Befreiung vun der Illusioun, dass alles bleiwe kann ewéi et ass. Den Doud ze verdäiwelen, ze tabuiséieren, bedeit mat Scheiklappen duerch d’Liewen ze lafen, a sech a säin Ëmfeld dobäi och nach méi onglécklech ze maachen, wéi et néideg ass.

Awer och am éischte Sënn vum Sproch ass Loosst déi al Leit stierwen e gudde Rot. Jiddereen, dee schonn eeler Leit bis an den Doud begleet huet, weess wéi wichteg et ass, wann et Zäit ass, lasszeloossen, fir béid Säiten. An déi al Leit stierwen an engem Lidd ze zenséieren, bedeit dofir eng Ligen ze verbreeden, eng Ligen déi haut, méi wéi jee, fir Misär suergt. Well, wann eis Bezéiung zum Doud, an domat zum Liewe selwer, scho virdrun onnatierlech an onéierlech war, sou ass se duerch eis Reaktioun op de Corona nach méi krank, hypokritesch a schizophren ginn. D’Angscht virum Doud, an e krankhaft Héichhale vun enger Gesondheet, déi et sou net gëtt, diktéieren eist Liewe bis an déi lescht Wénkelen. Natierlech solle mer d’Liewen an d’Gesondheet héichhalen, an dat am Respekt vum Géintiwwer a vun alle Generatiounen. Ma wa mer scho virdrun eng neurotesch Bezéiung zu Doud a Gesondheet haten, sou kann een elo roueg vu Psychose schwätzen. D’Liewen an d’Gesondheet gi vun all Inhalt befreit an nëmmen duerch Zuelen, Statistiken a Moossnamen duergestallt. Mir verzichte souguer op villes, wat d’Liewen eréischt liewenswäert mécht, an d’Iwwerliewe gëtt eng fin en soi, also Liewen, just fir z’iwwerliewen. A wou virdru scho wéineg Humor war, ass deen haut bei villen Zäitgenosse ganz verschwonnen, a mat him ganz dacks de kritesche Geescht. Och huet den Niveau vun Toleranz bei ville ganz staark ofgeholl, et gëllt just nach eng eenzeg Iwwerzeegung, déi eegen, a jiddereen deen net denkt ewéi ech, ass e Feind vun der Mënschheet. Lassloossen, Humor an Toleranz, dat vermëssen ech an eiser kranker Gesondheetsgesellschaft am meeschten. Well mir huelen eis fierchterlech eescht, nach méi wéi schonn ëmmer. Ass d’Liewen an d’Iwwerliewe vum Mënsch iwwerhaapt esou wichteg, wéi mer wierklech mengen? Hu mir bis elo als Mënschheet bewisen, dass d’Welt besser ass mat eis, wéi ouni eis? Wie verlaangert dann no eis, wa mer eng Kéier net méi do sollte sinn? E bësse Bescheidenheet géif eis gutt doen. Well wa mer wierklech fir d’Liewen hei kämpfen, da misste mer eis selwer aus dem Mëttelpunkt eraushuelen, an erkennen, dass et d’Gesondheet nëmmen nohalteg ka ginn, wa mer an engem gesonde Verhältnis zu der Natur an all anere Wiese liewen. Dovunner ass am Moment net vill z’erkennen, am Géigendeel, mir si méi op eis selwer fixéiert wéi jeemools. An déi onwarscheinlech egozentresch an egoistesch Haltung déi haut eist ganzt Liewen diktéiert, féiert nëmmen zu méi Konflikter, méi Nationalismus, méi Aarmut an, jo, méi Krankheet. An deem Sënn kann déi al Leit stierwe loossen och heeschen, dat stierwen ze loossen, wat net erhalenswäert ass, sou wéi d’Festhalen un eisem egozentresche Liewensstil, un engem ale System, deen net dofir gemaach ass, déi (net méi sou) nei Erausfuerderungen unzegoen.

A grad wéi mer verléiert hunn déi al Leit stierwen ze loossen, hu mer och vergiess déi jonk Leit liewen ze loossen. Mir hunn net genuch Respekt zesummekraze kënnen, géintiwwer de Generatiounen déi kommen, fir hinnen e wierklech liewenswäert Liewe méiglech ze maachen, an hinnen eng Welt weiderzeginn, déi dat och méiglech mécht. Dofir musse si déi éischt sinn, un déi mer denken, besonnesch a Krisenzäite wéi elo. Loosst déi jonk Leit liewen heescht, hinnen e fräit Liewen z’erméiglechen, mat sou mann wéi méiglech Restriktiounen. Si sinn déi, déi no eis hei weidermaachen, mir sollten dofir ganz gutt op si lauschteren, hinne méi Matsproocherecht ginn a méi Bedeelegung un de gesellschaftlechen Entscheedungen. Well, éierlech gesot, als Virbiller sollte mir eis hei net héichspillen, deen Zuch ass laanscht.

Dat aalt Liewe lassloossen an deem jonke Liewen de Wee fräimaachen. Sou ass et iwwerall an der Natur, och bei eis, a wa mer eis nach sou verzweiwelt dogéint wieren. Dofir loosst eis liichte goen. Loosst eis d’Luucht héichhalen a weiderreechen, d’Luucht vun enger natierlecher Haltung dem Liewen an dem Doud géintiwwer, loosst eis léieren onbekëmmert a wéi Kanner ze sangen:

Léiwer Herrgottsblieschen
Gitt ons Speck an Ierbessen
Ee Pond, zwee Pond
Dat anert Joer da gitt der gesond
Da gitt der gesond


Loosst déi jonk Leit liewen
An déi al Leit stierwen


Kommt der net bal
D’Féiss ginn ons kal
Kommt Der net gläich
Da gi mer op d’Schläich
Kommt der net geschwënn
D’Féiss ginn ons dënn
Kommt Der net gewëss
Da kritt Der eng gutt op d’Schnëss

(E Schouss voll Nëss)