fäertaasch

fäertaasch

(Serge Tonnar, Januar 2021)

D’Welt ass um Enn, ‘t hat just keen hir et gesot
An d’Spezialisten, déi wësse sech kee Rot
Seet deen een dëst, da seet deen aneren dat
An déi meescht dervun, déi zielen egal wat
Ma eent ass kloer, gläich kënnt de jéngsten Dag
Well si hunn eise klenge Bistro zougemaach

Ech hunn es genuch, ech sëtze wéi op Kuelen
Ech hunn es sat, mam Virus an de Käpp
Halt se fir Iech, d’Mesuren an och d’Zuelen
Komm mir ginn een huelen 
Bei d’Vicky a bei d’Kett

Loosst eis nach eemol danzen an der Gaass
Ouni Angscht an ouni Haass
Bei engem leschte Glas
Huelt gär eist Liewen, mee loosst ons eise Spaass
Mir ginn nach eemol Gas
An da bäisse mir an d’Gras

D’Netz ass voll Verschwörungstheorien
An d’Press mécht Reklamm fir d’Pharmaindustrie
D’Konscht ass näischt méi wäert a geet op Iutiub ëm
An ech lafe just nach am Jogging ronderëm
Well ech däerf net op d’Belsch Plaasch, dat ass kee Witz
Leckt eis am Aasch, da fléie mir op Biarritz

Mee ech sinn e Fäertaasch
Dofir spär mech an
Beschütz mech vru mir selwer
Well ech dat nach net kann

Ma och wa mir ni méi danzen an der Gaass
Aus Angscht gëtt gären Haass
Och ouni e lescht Glas
Wa mir och liewen, ganz eescht an ouni Spaass
Gi mir och ni méi Gas
Bäisse mir nawell an d’Gras