Musek aus Lëtzebuerg ass keen Highlight!

A senger Carte Blanche mécht de Serge Tonnar sech Suergen ëm de Stellewäert vun der Lëtzebuergescher Musek an de Medien an an de Kulturprogrammer, a fäert dass et geschwë keng nei Musek vun hei méi gëtt, wa keen Ëmdenke kënnt.

“Diese Konzerthighlights erwarten die Luxemburger im neuen Jahr”. Sou iwwerschreift eng grouss Dageszeitung hir Recommandatiounen fir e ganzt Joer Live-Musek. Als Musiker freet een sech natierlech op sou Artikelen, well ee gewuer wëll ginn, wat d’Kolleegen 2025 alles sou wëlles hunn. Beim Liesen ass mir d’Freed allerdéngs stënterlech vergaangen: ënnert den Dosende vu Kënschtler déi mer hei als Highlights verkaf kréien ass keen eenzegen aus Lëtzebuerg. Keen eenzegen. Dass een déi grouss international Nimm zitéiert, schéngt mer normal ze sinn (och wann déi et net wierklech néideg hunn), dass allerdéngs keen eenzegen Numm vun hei derbäi ass, grenzt u Boykott vun der Musek made in Luxembourg. Konkret heescht dat nämlech, dass et fir d’Schreiwerte vun deenen Zeilen 2025 keen eenzege Concert vun eise Kënschtler gëtt, deen derwäert wär hei ernimmt ze ginn.

Ass dat bewosst oder onbewosst geschitt, a wat wär méi schlëmm? Bewosst tëscht den Zeile behaapten, dass d’Kënschtler vun hei mannerwäerteg sinn, oder sech d’Fro mol guer net stellen? Natierlech hunn ech nogefrot, zwee mol souguer, fir eng Äntwert huet awer leider keen sech d’Méi gemaach. Wat da schonn nees eng Äntwert ass.

Dat ass symptomatesch fir eng Haltung, déi déif verwuerzelt ze si schéngt, an de Medien an, iwwert si, an de Käpp vun de Museksprogrammateuren, de kulturellen Decideuren an um Enn dem Publikum. Ech maachen zanter 40 Joer Musek hei am Land an, wann d’Qualitéit vun de Produktiounen an där Zäit enorm Spréng gemaach huet, sou huet sech un dëser respektloser oder einfach ignoranter Haltung näischt geännert. Ass et dann net méiglech, nieft den internationalen Entertainmentsmaschinnen, déi lokal Kënschtler genee sou z’ënnerstëtzen an ze pushen? Et brauch ee just bei eisen Noperen ze kucken, do kommen déi eege Kënschtler souguer virun den aneren. An et geet och hei, wann een de Wierbel ronderëm d’Eurovisioun kuckt. Firwat net d’ganzt Joer esou, a besonnesch bei deenen, déi hir eege Musek schafen, an domadder zu eise kulturellen Inhalter bäidroen? Ech froe mech bis haut iwweregens, wien déi Pseudo-Hierarchie tëscht nationalen an internationale Museker agefouert huet, well déi national gehéieren dach och zu den internationalen, oder net?

An ech schwätzen hei mol net fir mech, well ech ewell mat engem Fouss, nee, net am Graf, mee an der Pensioun stinn, ma virun allem fir den Nowuess, sou laang es nach do ass. Well wann et sou weidergeet, muss ee fäerten, dass et geschwë keng nei lokal a regional Musek méi gëtt, besonnesch am Kontext vun der aktueller Realitéit am Museksbusiness. D’Iwwerhand vum Streaming an d’Verschwanne vu physesche Supporte bedeiten dass d’Kënschtler quasi näischt méi verdéngen, ausser déi am globale Mainstream vir bäi mat schwammen.

Dofir: wann d’Medien net méi iwwert Kënschtler vun hei berichten, wann net méi Lëtzebuergesch Musek um Radio leeft, wann an de Kulturhaiser net méi Concerte vun hei programméiert ginn, da misst een sech iwwerleeën ob een déi Decideuren net zu hirem Gléck zwénge misst. Si hunn nämlech all ëffentlech Missiounen z’erfëllen, fir déi se vum Staat bezuelt ginn. An do kéint de Staat, an dat si jo mir, roueg verlaangen, dass d’Musek vun hei eng besser Plaz ze kréien huet. Schluss mam bewossten an onbewosste Klenghale vun der eegener Musek, et geet op d’Käschte vun eisem kulturelle Patrimoine, an deen ass de wierklechen Highlight.