Opruff un d’Medien: Leet d’Lat méi héich!

Perséinlech Beleidegungen. Ënnerstellungen. Opstëppelen zum Haass. Friemefeindlechkeet. Anti-Intellektualismus. Opriff géint d’Meenungsfräiheet. Mobbing…

D’Lëscht ass net fäerdeg. D’Lëscht vun den erschreckenden Tendenzen an de Commentairen an den digitale Medien an an de sozialen Netzer. Wat nach viru kuerzer Zäit ondenkbar war, gëtt eis ewell ongefiltert an déi gutt Stuff gekippt. Dass d’Toleranzschwell well vill méi niddereg ass dréit dozou bäi, dass des Tendenzen ëmmer méi Gehéier fannen, dass déi, déi se verbreeden, sech ëmmer méi wichteg huelen an och méi wichteg geholl ginn, dass intolerant Gedankegutt sech an der Gesellschaft breet mécht a schlussendlech un der politescher Muecht lant.

D’Responsabilitéit läit un éischter Stell bei de Medien. Mir mussen d’Lat méi héich leeën, soss fale mer an onergrëndlech Déifte vun Haass an Intoleranz. D’Medien, wann se Commentairen op hiren digitale Plattformen zouloossen, hunn eng moralesch Verantwortung fir dat wat do steet. Déi meescht Sektioune vu Commentaire gi moderéiert, dat heescht, do gëtt fir d’éischt gefiltert, ier eppes verëffentlecht gëtt. Wann ee gesäit wat do alles duerchgeet, lafen engem d’Schudderen äiskal de Réck erof beim Virstelle vun deem wat ze krass war fir verëffentlecht ze ginn. E Virgeschmaach dovunner kritt een op de Mediesäiten an de sozialen Netzer, wou d’Commentaire ganz oft onmoderéiert verëffentlecht ginn.

Dofir en Opruff un d’Medien: Leet d’Lat méi héich! Op Ären eegene Säiten: erlaabt keng anonym Commentaire méi, een deen eppes ze soen huet, soll dat ëffentlech mat sengem Numm ënnerschreiwen. Gitt ganz haart vir géint all Forme vun Intoleranz, Ënnerstellungen, falschen Noriichten an anere Verletzunge vum demokrateschen an humanitäre Geescht. An de sozialen Netzer: Moderéiert och hei all Commentairen. Verzicht och op räisseresch Iwwerschrëften, déi bewosst formuléiert gi fir Polemiken auszeléisen, fir esou sou vill wéi méiglech Verkéier op den eegenen digitale Plattformen ze kréien. Et ass legitim dass d’Medie souvill Publikum wéi méiglech wëllen hunn, besonnesch déi privat, déi sou hiren Annonceuren d’Reklamme méi schmackhaft kënne maachen. Mee, wann ech gelift, leet d’Lat méi héich! Liest emol alles wat ënnert Ärer Verantwortung zum Virschäi kënnt, a frot Iech, ob Der Iech nach domadder identifizéiere kënnt. Kënnt Der Iech esou nach all Dag am Spigel kucken? An d’Annonceure solle sech roueg och froen, ob si d’Verëffentleche vun anti-demokrateschem Gedankegutt, oder einfach nëmmen ongebremsten Haasstiraden, wierklech matfinanzéiere wëllen.

Ma och d’Justiz kann hëllefen d’Lat méi héich ze leeën. Gitt eis einfach Mëttelen, mat deene mer des Tendenze melle kënnen, a gitt iech d’Mëttele fir schnell an effikass z’ermëttelen an duerchzegräifen.

An d’Politik kann upake fir d’Lat méi héich ze leeën. Am Kader vun de Konventiounen an der Pressehëllef, kann a soll dee ganzen Aspekt vun der Moderatioun vun de Commentairen an der Responsabilitéit vun de Medien iwwerduecht an ugepasst ginn.

Ween net bereet ass d’Lat méi héich ze leeën, ass bereet mat a Kaf ze huelen, dass eis Gesellschaft fir d’éischt en ëmmer méi intoleranten Toun kritt, vun deem ëmmer méi intolerant Akten an Handlungen d’Konsequenz sinn.