Ons Heemecht

Ons nei Heemecht
(Michel Lentz / Serge Tonnar)

Wou d’Uelzecht durech d’Wisen zéit
Duerch d’Fielsen d’Sauer brécht
Wou d’Rief laanscht d’Musel dofteg bléit
Den Himmel Wäin ons mécht
Dat ass déi Plaz fir déi mir géif
Zesummen Heemecht soen
Jo dat Stéck Äerd dat mir so déif
An onsen Hierzer droen

A sengem donkele Bëscherkranz
Vum Fridde stëll bewaacht
Sou ouni Pronk an deiere Glanz
D’Natur nach ëmmer laacht
Fir dass nach muer dat seet all Kand
Net just an eidelen Dreem
Gi mir gutt uecht op Floss a Land
Well hei si mir doheem

Gesank, Gesank vu Bierg an Dall
Der Äerd, déi äis gedroen
D’Léift huet e staarke Widderhall
A jidder Broscht gedoen
Fir d’Mënschheet ass keng Weis ze schéin
All Wuert, dat vun er kléngt
Gräift äis an d’Séil wéi Himmelstéin
An d’A wéi Feier blénkt

Dem Frieme reeche mir eng Hand
Déi duerch d’Natioune geet
Mir deelen d’Lëtzebuerger Land
Zesummen an der Freed
Mir kruten all als Kanner schonn
De fräie Geescht jo ginn
Loosst viru blénken d’Fräiheetssonn
Déi mir sou laang gesinn