De weltwäit eemolegen a weltbeschten JONN HAPPI presentéiert de weltbeschten a weltwäit eemolegen CIRCÜS TONNARELLI

TICKETS

Camping Bellevue – Berdorf:
17.05.2023 – 18h00 Empfang – 20h00 Showtime
18.05.2023 – 11h30 Empfang – 13h30 Showtime
19.05.2023 – 18h00 Empfang – 20h00 Showtime
20.05.2023 – 18h00 Empfang – 20h00 Showtime
21.05.2023 – 11h30 Empfang – 13h30 Showtime

Camping Kautebaach:
02.06.2023 – 18h00 Empfang – 20h00 Showtime
03.06.2023 – 18h00 Empfang – 20h00 Showtime
04.06.2023 – 11h30 Empfang – 13h30 Showtime

Camping Fuusekaul:
16.06.2023 – 18h00 Empfang – 20h00 Showtime
17.06.2023 – 18h00 Empfang – 20h00 Showtime
18.06.2023 – 11h30 Empfang – 13h30 Showtime

De Serge Tonnar a seng Band associéiere sech mat der Konschtfigur Jonn Happi fir e weltwäit eemolegen a weltbeschte Spektakel op d’Been ze setzen, mat deem si 2023 op Tournée ginn. 11 Optrëtter op 3 Plazen am Land. Mam Zirkuszelt geet et op de Camping, de Publikum kann esou och nom oder virum Optrëtt d’Nuecht um Camping verbréngen, Kultur & Vakanz doheem, ganz nohalteg an d’Police huet och manner ze dinn.
Am Mëttelpunkt vum Programm stinn déi weltbescht a weltwäit eemoleg Lidder vum Serge a senger Band. Et wär also eppes wéi e gemittleche Concert an engem flotte Kader, wann do net de Meeschter vum Haus (oder vum Zelt) wär, den Zirkusdirekter, de Showmaster, den MC, de weltwäit eemolegen a weltbeschten Jonn Happi. Wëll hien de Museker d’Show klauen? Oder sinn et d’Museker, déi hien an de Schied setze wëllen? Et entsteet e Spannungsfeld tëscht de Kënschtler an den Disziplinnen: Musek, Kaméidi, Jonglerie, Slapstick, Zirkuskonscht, Cabaret… De Publikum gëtt, ob e wëll oder net, mat eragezunn a muss selwer entscheeden, ob et fir ze laachen, oder fir ze kräischen ass.

Marc Strasser: Jonn Happi
Serge Tonnar: Gittar a Gesang
Rom Christnach: Bass
Eric FalcheroPiano
Dirk Kellen: Batterie

Kostümer: Sophie Meyer
Visual: Antoine Grimée
Layout: Fabi
Billeterie: Mirka Costanzi, Sabine Tonnar

Eng Produktioun vun Maach keen Zirkus asbl
An Zesummenaarbecht mat MASKéNADA

Mat der Ënnerstëtzung vum Kulturministère Lëtzebuerg