et kënnt wéi et kënnt

fir de rubesch

Ech hunn den Text vun dësem Lidd am Zuch vu Gent op Lëtzebuerg geschriwwen. Mäi beschte Frënd, de Rubesch, hat e puer Deeg virdrun en Häerzstëllstand, an ech wosst deen Ament schonn, dass näischt méi ze maache wär, an dass d’Apparater gläich géifen ofgeschalt ginn. Hie war nach do, an awer och schonn net méi. Et ass kee lëschtegt Lidd, nee. Ech menge souguer, dass de Rub selwer sech net sou e Lidd gewënscht hätt. Een Ament hunn ech versicht nach e Schluss bäizeflécken, dee méi “uplifting” wär. Ma dat huet net éierlech geklongen. Et ass mir net no “uplifting”. An dofir ass et also méi e Lidd iwwert a fir mech, a vläicht och all déi Leit, déi frou mam Rub waren, wéi iwwert a fir hien. Well him ass et elo egal. Hie géif éischter nach de Kapp rëselen iwwert souvill Gedriibs an der Ëffentlechkeet. Dofir, sorry Rubesch. Mee dat hei ass wéi ech, an anerer vun eis, deen Ament gefillt hunn, an et sief eis erlaabt déi déif Trauer esou eraus ze sangen. Trotzdeem behält jidderee vun eis e Stéck vun Dir a sech, an da bleift nach e gutt Stéck iwwereg, sou vill waars Du. Merci.

et kënnt wéi et kënnt

an alles mécht kee sënn
wann et kënnt wéi et kënnt
wann s du geess ‘lo geschwënn
an et kënnt wéi et kënnt
well wat mat dir verschwënnt
wann et kënnt wéi et kënnt
ass méi wéi just e frënd
ma et kënnt wéi et kënnt

wann deng stonn elo kënnt
an et kënnt wéi et kënnt
wuer geet wat eis verbënnt
wann et kënnt wéi et kënnt
mir wollten dach, mäi frënd
ier et kënnt wéi et kënnt
dacks nach duerch déck an dënn
bis et kënnt wéi et kënnt

ech wëll net dass et kënnt
dass et kënnt wéi et kënnt
ma wien héiert meng stëmm
wann et kënnt wéi et kënnt
a mäi lidd kléngt verstëmmt
wann et kënnt wéi et kënnt
an ech wëll dech erëm
mäi gudden, ale frënd