ALLES ASS OK

Lidd fir mental Gesondheet

Matsangen & Video
11.10.2026

Fir dat neit Lidd vum Serge Tonnar “Alles ass OK” ass jiddere wëllkomm fir den 11.10.2026 matsangen ze kommen an engem grousse Chouer, an am Videoclip derbäi ze sinn, deen zesumme mat der Ligue Santé Mentale produzéiert gëtt vun Two Steps Twice, ënnert der Leedung vum Marion Rothhaar.

Alles ass OK
(Text a Musek: Serge Tonnar)

System,
Lauschter mir ‘lo mol gutt no
Eppes läit mir laang um Mo
Bei wie kann een nëmme goen
Wann een dech gär géif ukloen

Et geet ëm mäi Frënd de Jon
Huet dir ni eppes gedo’n
Schéi gemaach wat gouf erwaart
Mee wat hues du mat him gemaacht
Dass dee Jong elo net méi laacht

Lauschter, ech bieden dech drëm
Gëff mir dach mäi Frënd erëm
Gëff senger Fra de Mann zeréck
De Kanner hir Stäip am Réck
Looss him dach säi Stéck vum Gléck
Reech him nach eemol d’Hand
Soss ass seng Käerz ausgebrannt

An hien ass laang net eleng
Wéi vill krus du der scho kleng
Wéi vill hunn der schonn de Geescht opginn
Déi dir net gutt genuch sinn

Wéi vill wackele scho liicht
Wéi vill ginn der nach gebiischt
Wéi vill méchs du der nach drop
Bis mir endlech soen: STOPP!

Chouer
Wéini kënnt endlech deen Dag
Op dee mir sou laang gewaart
Endlech all um gudde Wee
An alles ass OK
Endlech déi Welt ze gesinn
Wou mir méi wéi Mënsche ginn
 
Manifest
‘t ass Zäit fir Stopp ze so’n / Mir fuer’n eng aner Schinn
Endlech dee Wee ze g o’n / Dee mir zesumme ginn
‘t ass Zäit fir opzesto’n /Net Zäit fir opzeginn
Wien huet hei nëmmen d’So’n / De Mënsch oder d’Maschinn
An all Mënsch kritt Respekt / Keen ass dee leschten Dreck
All Aarbecht huet säi Wäert / All Liewen op der Äerd

An all Affer vum System / An all Deel vun dem Problem
An all Frënn an all Kolleeg / An all Mënsch deen eng Hand reecht
An déi Räich deelen all Dag / An déi Aarm gi räich gemaach
An déi Staark schützen déi Schwaach / An déi Schwaach gi staark gemaach
An all Häerz kritt och eng Stëmm / Dofir kämpfe mir all drëm
An da kënnt endlech deen Dag Op dee mir sou laang gewaart

Chouer
An da kënnt endlech deen Dag
Op dee mir sou laang gewaart
Endlech all um gudde Wee
An alles ass OK
Endlech déi Welt ze gesinn
Wou mir méi wéi Mënsche ginn