Et ass nach net souwäit, an awer héieren ech et schonn, dat Wuert wat no de Wahlen am meeschte wäert falen. D’Wuert fält a fält, bis et et méi opzehalen ass, fält ëmmer méi déif a méi séier, bis et mat engem Knuppert ganz ënnen ukënnt an an dausend Stécker flitt. Wielerwëllen.
Et geet schonns domat un, dass et de Wielerwëlle guer net gëtt. D’Wieler wëlle ganz ënnerschiddlech Saachen, souguer ënnert de Wieler vun der selwechter Partei ginn et Ënnerscheeder. Wann zwou oder méi Parteien also reng zueleméisseg op eng Majoritéit kommen, heescht dat nach laang net, dass si de Wielerwëlle representéieren, mol net de Wëlle vun all de Wieler déi si gewielt hunn. Et gëtt souguer keen eenheetleche Wielerwëllen ënnert de Wieler vun engem eenzele Politiker. Déi eng wielen des Persoun zum Beispill, well se immens gutt ausgesäit, déi aner well se sou enorm kompetent ass, nach anerer vläicht nëmme well se gratis Croissante versprach kruten.
An dann ass et komesch, dass haaptsächlech déi Politiker dat Wuert an de Mond huelen, déi an eng Regierung wëllen. Si, a ganz vill Wieler, vergiessen dobäi, dass mir guer keng Regierung wielen. Mir wielen eng Chamber. Also e Representantenhaus, e Parlament. Déi, déi am meeschte Stëmme kréien, missten also als éischt an d’Chamber, well d’Wieler se dofir gewielt hunn. Ma an d’Chamber kommen awer nëmmen déi, déi et net an d’Regierung gepackt hunn, eng Zort zweet Klass Muppi. Beim Zesummesetze vun der Regierung dann, de Generolen éischter Klass also, spillt de Wielerwëlle keng Roll méi. Hei ginn déi Parteie mateneen, déi matenee kënnen, oder villméi, déi zesummen op déi néideg arithmetesch Viraussetzunge kommen. Op eemol kënnen der mateneen, déi virdrun net konnten, an ëmgedréint. Hei geet et just nach em Zuelen. Ween da ganz hannen um Enn wierklech an der Regierung sëtzt, do huet de Wieler absolut keen Afloss méi drop. Dat gëtt hannert den zouenen Diere vun deene Parteie beschwat déi am meeschte Punkten an een Dëppe geheien.
Dofir en Opruff un déi Politiker, déi an eng Regierung wëllen, w.e.g. d’Wuert net an de Mond ze huelen. Well, stellt iech emol vir, et gi souguer Leit, déi wiele Parteien a Politiker, vun deenen se guer net erwaarden, jo vläicht souguer mol guer net wëllen, dass se an eng Regierung kommen. Déi wielen nämlech mam Bewosstsinn vun deem em wat et am Fong geet, si wielen eng Chamber. Si ginn deene Parteien a Politiker eng Stëmm déi hirer Meenung no an der Chamber solle vertruede sinn. Dat kann och eng bewosst Stëmm si fir Oppositiounsaarbecht ze maachen, also Leit wielen, well ee wëll, dass déi Oppositioun maachen zu der Regierung. De Wëlle vun dëse Wieler awer ass de Politiker, déi just un d’Muecht wëllen, ze vill komplex, a wat si net verstinn, kann och kee Wielerwëlle sinn.
Nee, nee, Regierungsbildung a Wielerwëllen sinn net zesummen an enger Koalitioun. Scho guer net méi, wann et em d’Verdeele vun de Ministeschposte geet. Meeschtens ass et do wahrscheinlech esou, dass bei deene Parteien déi zesumme wëllen, déi am häertste jäizen, déi am meeschte Stëmme kruten, woubäi dat jo awer a Wierklechkeet déi sinn, déi de Wieler onbedéngt an der Chamber wëll gesinn. Wéi dat wierklech virun sech geet, ass e grousst Rätsel a bleift onerkläerlech an ongekläert. Een deen en Job wëll, geet sech jo normalerweis bei de Patron virstellen, a muss dann do iwwerzeegen unhand vu senge Kompetenzen. Hei ass et anescht. Déi déi den Job wëllen (also d’Kandidaten), schécken de Patron (also d’Wieler) virun d’Dir, fir selwer z’entscheede wien den Job kritt. Dat ass dem Wieler alles ze héich, dofir, léif Politiker déi an d’Regierung wëllen, an ouni op aner sëlleg Ongereimtheete vun eisem Wahlsystem anzegoen, sot et léiwer wéi et ass: “De Wieler ka wëlle wat e wëll, beim Wielerwëllen awer wëlle mir ouni de Wieler eisen eegene Wëlle wielen.”