Konstruktiivt Kregéile vun engem chronesche Kulturkämpfer
D’Kultur ass an der Kris, wéi vill aner Secteuren och, an d’Kulturpolitik konzentréiert sech, wéi de Rescht vun der Politik och, op Krisemanagement. Et gëtt gepléischtert an ënnerstëtzt, ma nei Weeër gi kaum encouragéiert, an eng Richtung, wouhin d’Kultur sech entwéckele soll, ass net wierklech z’erkennen. Vill vun de Probleemer, déi mer elo gesinn, waren och scho virdrun do, mee maachen sech duerch d’Kris eréischt richteg krass bemierkbar. Mir sollten déi nei Erausfuerderungen awer net mat den alen Iwwerzeegungen ugoen, well, grad wéi en Elektroauto och net mat Bensin geet, komme mer esou net vum Fleck. “Back to normal” ass net méi méiglech, an esou “normal” war dat alles och net, virun der Kris.
Amplaz ze jéimeren, probéieren ech hei 5 Punkten opzegräifen a Virschléi ze maachen, aus der Siicht vum Kënschtler, deen zanter bal 25 Joer fräi schafft, an e Liddchen dovu sange kann, wann en dann däerf.
Ech konzentréiere mech op d’Kënschtler vun hei, wat näischt mat Protektionismus ze dinn huet, mee mat der Asiicht, dass déi Kënschtler déi spannendst (a vläicht och déi onkamoudsten) sinn, déi Geschichte vun hei an elo erzielen. An et ass op déi, wou d’Politik an d’Kulturzeen sech konzentréiere sollt. Staatsgelder sollen esou agesat ginn, dass eis Kultur dovu profitéiert. De Business mat Eventkultur a Virféiere vu globale Stare muss net vun eisem Staat ënnerstëtzt ginn, dee soll kucke selwer eens ze ginn.
De Kënschtler an d’Kreatioun an de Mëttelpunkt
Wéi sou oft zu Lëtzebuerg, hu mer och an der Kultur de Biddi vun hanne gesuedelt. Et gouf net fir d’éischt op déi gesat, déi d’Kultur maachen, mee op d’Steng, an deenen d’Kultur sollt oflafen. Joerzéngtelaang si Kulturtempelen an d’Liewe geruff ginn, prestigiéis huet et misste sinn, wat näischt kascht, dat ass och näischt. An enger zweeter Phase si Poste geschaaft ginn, fir déi Haiser ze managen: Direkteren, PR-Leit, Techniker, administratiivt Personal. Kënschtler si keng agestallt ginn, bis haut ginn et keng fest Truppen, kaum Orchesteren, Kënschtler schaffen an den Haiser nëmme punktuell, an ënnert hinnen nëmmen e klengen Deel vu Kënschtler vun hei. Dofir gëtt et héich Zäit de Kënschtler an de Mëttelpunkt vun der Kulturpolitik ze setzen, him d’Méiglechkeet, d’Mëttelen an de Kader ze ginn, fir fräi a professionell schaffen a schafen ze kënnen. Kultur a Konscht ass virun allem Inhalt (contenu), d’Form (contenant) an déi den Inhalt erakomme soll, kënnt duerno.
An da muss d’Kreatioun Virfaart kréien, net well se vu riets kënnt, ma well eis Kultur méi räich gëtt, wa méi Inhalter hei an elo geschaaft ginn. D’Schafe vun neien an eegene kulturellen Inhalter gëtt bis haut zu Lëtzebuerg net nëmme kaum encouragéiert, ma oft souguer aktiv schwéier gemaach oder ënnerbonnen. Et si grad déi Kënschtler, déi et am schwéiersten hunn vun hirer Aarbecht ze liewen: Auteuren, Komponisten, bildend Kënschtler, Song- & Screenwriter… Onbedéngt sollt d’Kreatioun vun eegenen Inhalter proaktiv ënnerstëtzt ginn, schonn an der Schoul, ma och an der Kulturzeen a bei de Kënschtler selwer. Wat méi Kënschtler eppes ze soen hunn, wat eis Kultur méi villsäiteg a méi staark gëtt.
Ënnerstëtzungen, Formatiounen a Weiderbildung konzentréieren sech oft op de vermeintleche Glanz vum Internationalen, et geet drëm “et am Ausland ze packen”. Dat heescht da meeschtens, sech un d’Reegele vun engem Maart unzepassen, awer d’Konscht kënnt ze kuerz, wann et ëm de Business geet. D’Pandemie, mat den Aschränkunge vum Reesen, huet mat sech bruecht, dass op ville Plazen op d’Kënschtler vun hei zréckgegraff ginn ass, a weist, wéi wéineg déi existent Strukturen a Méiglechkeete bis elo wierklech fir d’Kënschtler opgemaach goufen. Wa mir behaapten, eist Land hätt eng eege Kultur, muss et och méiglech sinn, an deem Land als Kënschtler wierdeg ze liewen an z’iwwerliewen. D’Reussite vun enger Kulturpolitik kann een un der Liewens- an Aarbechtsqualitéit vun de Kënschtler moossen. Déi Fro déi beäntwert muss ginn, ass: Wéi kënne mer d’Schaffen an d’Liewe vun de Kënschtler zu Lëtzebuerg erliichteren a méi attraktiv maachen, fir méi eng grouss Quantitéit a Qualitéit vun eegene kulturellen Inhalter erbäizeféieren?
Gerecht Verhältnisser
Am Kultursecteur sinn d’Kënschtler déi, déi am mannste verdéngen. Dat ass komesch, well si jo déi sinn, déi d’Inhalter liwweren. Ass awer esou. An ënnert de Kënschtler, verdéngen déi vun hei normalerweis manner wéi déi “international”. An der Musekszeen hëlt dat komplett absurd Moossen un, wou an engem Haus Bands vun hei 500 € fir en Optrëtt kréien, a “grouss Staren” bis zu 6-stelleg Zuelen. Dat ass pervers, huet näischt méi mat Konscht oder Kultur ze dinn a misst an all Haus, wat vu Staatsgelder profitéiert, verbuede ginn.
Ma och d’Divergenz tëscht deem wat e Kënschtler verdéngt an en Direkter vun enger kultureller Institutioun, oder e Fonctionnaire am Kulturministère, ass net ze rechtfäerdegen. Hei musse gerecht Verhältnisser erbäigefouert ginn. Well wie verdankt deem anere säi Posten? Ouni Kënschtler, keng Kultur, keng Haiser a keng Kulturpolitik. Et misst een emol mat enger Etüd ufänken, fir genee ze gesinn, wéi vill d’Kënschtler vun hei verdéngen, a wéi ee Brochdeel dat vum gesamte Kulturbudget ausmécht. Am Allgemenge misst de Secteur eemol ferm ënnert d’Lupp geholl ginn, fir ze kucke wou d’Mëttelen net korrekt verdeelt ginn, wou Staatsgelder zur Fënster erausgehäit ginn, an dann nei Oplage bei der Ënnerstëtzung vum Staat agefouert ginn, mam Fokus op d’Kreatioun vun hei a wierdegen Aarbechtsverhältnisser fir d’Kënschtler.
Do derniewent, an och dat weist déi aktuell Kris, wär et wichteg de Kënschtler Kontrakter op méi laang Dauer ze ginn, déi sech net just punktuell op ee Projet oder Optrëtt beschränken. Sou kéinte konventionéiert Haiser encouragéiert ginn, Kënschtler fir eng länger Zäit fest un hiert Haus ze bannen, ënnert anerem mam Schafe vu Compagnien a Residenzen op laang Dauer. D’Roll vum Kënschtler an der Gesellschaft misst an déi Richtung ganz nei definéiert ginn, säin Optrag net just op e quantitatiivt Resultat beschränkt, ma op e qualitativen Niveau gehuewe ginn, vun deem d’Gesellschaft selwer direkt profitéiere kann: participativ Aarbechte mam lokale Publikum, méi Konscht am ëffentleche Raum, de Kënschtler als méigleche Liwwerant vu méi Liewensqualitéit gesinn…
Och d’Prozeduren, fir iwwerhaapt offiziell de Statut vum Kënschtler ze kréien si veraalt an deelweis erniddregend. Een, dee sech fir de schwéiere Beruff vum Kënschtler entscheet, sollt an engem Land wéi Lëtzebuerg encouragéiert ginn, Kënschtler ze ginn, net et sou schwéier wéi méiglech gemaach kréien.
Onofhängegkeet & Nohaltegkeet
D’Moossname fir d’Kënschtler an der aktueller Kris z’ënnerstëtze sinn am Prinzip jo ze begréissen, ma si fërderen eng méi grouss Ofhängegkeet vum Kënschtler géintiwwer dem Staat a senge konventionéierte Strukturen. Et ginn effektiv kaum bis guer keng Mëttele benotzt, fir d’Kënschtler direkt anzelueden nei Wierker ze schafen, nei Weeër ze goen. De Gros vun de Mesüre sinn Hëllefsmesüre bei Ausfäll vun Optrëtter an Aarbecht, oder Programmer déi de Kulturhaiser Mëttele fir Projete ginn, net awer de Kënschtler selwer. De Kënschtler wëll awer net bezuelt ginn, fir doheem ze bleiwen, oder näischt ze schaffen. D’Schafe vu Mëttelen, net nëmme vu finanzieller Natur, fir dem Kënschtler direkt nei Opträg kënnen ze ginn, och wann d’Haiser zou sinn, wär e Schrëtt an déi richteg Richtung.
Nohaltegkeet wär en zweete grousse Volet vun esou enger Politik. Et ass reegelrecht skandaléis wéi verschwenderesch op ville Plaze mat der Kreatioun ëmgaange gëtt. Theaterproduktiounen, déi dräimol gewise ginn a wou dann, um Owend vun der Dernière, d’Dekore virun den Ae vun de Schauspiller an de Container fléien, sollen an däerfen net méi méiglech sinn. Dat ass Theater fir ewech ze geheien. Wegwerftheater. Een deen esou Kultur wëll maachen, soll sech déi selwer finanzéieren, de Staat muss iwwerleeë wéi e seng Sue besser investéiert, a wéi d’Kreatioun parallel op e besseren Niveau kommen a méi Publikum unzéie kann. Dat geschitt mam Investissement an d’Qualitéit vun der Ëmsetzung vun deem wat eis Kënschtler ze soen hunn.
Den Hinn an Hier vun de sanitäre Mesuren ass déidlech fir dee Kulturbetrib, dee mer bis elo haten. Mee ass et net souwisou un der Zäit, dee Betrib nei ze denken ? Wie wëllt schonn e “Retour an d’Normalitéit”? Dat wat virun der Kris gelaf ass, net nëmmen an der Kultur, ass alles anescht wéi normal gewiescht: verschwenderesch an net nohalteg kulturell Produktioun, ongerecht Aarbechtskonditiounen, Overkill vun Eventer… Et gëtt héich Zäit, dass d’Kulturpolitik (an dat kann een och nees vum Rescht vun der Politik soen) net no hanne kuckt an no engem Retour verlaangert, deen a Wierklechkeet obsoleet wär, ma no vir kuckt an aus der Kris déi Lektiounen zitt, vun deenen se virun der Kris mol näischt wosst. Et geet elo drëm mat neien Iddien an Astellungen ze kommen, well déi al kënnen nëmmen den ale System kënschtlech um Liewen halen, net en neie System erbäiféieren, deen awer duerch des Kris méi dréngend ginn ass wéi virdrun.
Digitaliséierung & de Präis vun der Kultur
D’Zoumaache vun eise Spillplazen huet der Digitaliséierung vun eiser Kultur en Opdriff ginn. Mat positiven an negativen Niewenerscheinungen. D’Museker benotzen déi digital Weeër scho méi laang, z.B. mat Videoen op den digitale Plattformen. Si wëssen och scho laang: wien eng gutt digital Presenz huet, huet herno och méi Leit am Sall. Wichteg ass et awer, dass déi digital Ausdrocksméiglechkeete richteg benotzt ginn, an dass nei Forme vu artisteschem Ausdrock entstinn. E gefilmten Theaterstéck ass keen Theater méi an e gefilmte Concert op enger Bün virun eidelem Sall ass en traueregen Ubléck a léisst all Musekerhäerz bludden. Wa vill Kulturproduzenten, déi bis elo e spatze Mëndche gemaach hunn, wann et digital geheescht huet, ufänken hir Inhalter méi oder manner konzeptlos an d’Netz ze setzen, ass dat net vu Virdeel. Nach méi esou, wann alles fir de Publikum gratis ass, an dem Wäert vun der Kultur éischter schuet ewéi déngt. Besonnesch wann ee weess, dass hei, alt erëm, d’Kënschtler déi sinn, déi am mannste bei sou Produktioune verdéngen.
Wat ass d’Kultur da wäert? Mussen d’Entréespräisser, wa manner Leit an e Sall däerfen, net an d’Luucht goen? Oder sollen d’Kënschtler dofir manner Cachet kréien? Oder ginn déi bestrooft, déi bis elo vu selwer generéierte Revenuë gelieft hunn (zB duerch Entréeën a Verkaf vun CDen) ? Wou si Modelle fir Kultur online gerecht ze monetiséieren? Hei muss eng Strategie erbäi, déi net e panikaartegt Verschleidere vun der Konscht ënnerstëtzt, mee eng Visioun, déi op laang Dauer der Konscht an der Kultur déngt.
Hei geet et och ëm d’Distributioun, also dem Wee vum Kënschtler bis bei de Publikum, an och do hu mer zimmlech vill Nohuelbedarf. Bei der Musek leeft quasi alles just nach iwwert Internetgigante wéi You Tube, Facebook, Spotify & Co. Et ass laang verpasst ginn, d’Distributioun vu musikalesche Wierker an attraktive Formater z’ënnerstëtzen, d’Kris weist, dass et méi dréngend wéi jee ass, hei nei Weeër ze goen.
Vunenee Léieren
Mir mussen och léiere vuneneen ze léieren. Wann hei am Land Meeschterklassen, Formatiounen, Panels an Änleches ugebuede ginn, ass et meeschtens vu Meeschteren, déi net vun hei sinn, a séier wéineg kennen a wësse vun der Wierklechkeet vum Kënschtler hei. Dobäi hu mer selwer genuch Meeschteren, déi erziele kënnen, wéi een an eisem spezifesche Kultursecteur, ouni grouss Industrie, schaffen a liewe kann. Hei kënnen déi Jonk vun den Ale léieren, ma och ëmgedréint, déi Al vun de Jonken, besonnesch um Plang vun der digitaler Verbreedung: den intergenerationellen Austausch kann nëmme jidderengem profitéieren.
Grad esou wichteg wär et, dass d’Kulturpolitik (an alt erëm de Rescht vun der Politik och), méi participativ gëtt, dass mer léiere vun eis selwer ze léieren. D’Denkatelieren zu Buerglënster am Joer 2016, wou d’Secteuren aus alle Beräicher zesummekomm sinn, waren e gudden Usaz. Sou eng Initiativ brauche mer elo dréngend an der Kris, well villes vun deemools, a vun deem wat am Kulturentwécklungsplang steet, net méi gülteg ass an iwwerduecht muss ginn.
PS an eegener Saach
Souvill zum konstruktive Kregéile vun engem chronesche Kulturkämpfer. Meng eegen Zukunft steet och an de Stäeren. Bis elo hunn ech ouni Statut als fräischaffende Kënschtler geschafft, dat heescht op keng sozial Hëllefe vum Staat zréckgegraff an och keng Niewenjobs gemaach. Dat ass en ideologesche Choix gewiecht, fir ze probéiere ganz ouni des Hëllef auszekommen. Dat huet, besonnesch an de leschten 10 Joer, gutt geklappt, well ech d’Chance hat, Erfolleg beim Publikum ze hunn, well ech mer selwer Optreeg ginn hunn, a bei d’Leit gaange sinn, ouni drop ze waarden, dass Organisateuren op mech zoukomm wären. An deem Mooss ass dat net méi méiglech. 2020 hat ech 3 Concerten, déi Joere virdrun tëscht 40 an 80. Fir d’Joer 2021 hunn ech bis elo keen eenzegen Optrag. Sou muss ech also och, als eenzele Kënschtler, nei Weeër fannen, wéi ech et hei vun der Politik verlaangen, an ech spiere wéi schwéier et ass, fort ze komme vun der Nostalgie vun deem wat war. Do hëllefen nëmmen 2 Saachen: Kreativitéit a Solidaritéit. An eng Rees op d’Belsch Plaasch. Bleift gesond a monter 😉