Konfessioune vun engem Dänzer
Den 15.6.2025 hat ech, am Alter vun 55 Joer, mäin éischten (a leschten?) Optrëtt als Dänzer, um Monodrama Festival an der Banannefabrik. Hei zielen ech gär eppes iwwert de Wee dohinner a wat dat mat mir gemaach huet.
Hei wat am Programmheft ugekënnegt war:
Keng falsch Beweegung! Esou jäizen d’Brigange bei engem Iwwerfall. Wann ee mir dat géif soen, géif ech direkt express eng falsch Beweegung maachen. Mäi ganzt Liewen ass op falsch Beweegungen opgebaut. Ech maachen net dat, wat vu mir erwaart gëtt. Dacks emol net dat, wat ech vu mir selwer erwaarden. A meeschtens maachen ech Saachen, déi ech guer net kann.
Wat ech sécher net kann, ass danzen! Ech sinn ze steif, ze al an ze déck. Ech hunn Arthrose riets a lénks a keng kierperlech Memoire. Dofir ass en Danzsolo genee dat Richtegt fir de Monolabo, fannen de Steve an ech. Fir dës Performance ginn ech vu mengem Kierper aus an hu keng Anung wat derbäi erauskënnt. Ausser, natierlech, falsch Beweegungen.
Dee ganze Prozess huet ronn 1 Joer gedauert, vun der éischter Motivatioun bis zum Optrëtt. An déi éischt Motivatioun war, wéi sou dacks, eng Afrostellung vu mir selwer a menger Aarbecht. Ech hu mech schonn ëmmer gär nei erfonnt a sinn ëmmer nees nei Weeër gaangen. Des Kéier sollt et awer nach méi radikal sinn. Vläicht well an de leschte Jore bei mir och méi Afrostellung a radikal Zweifelen opkomm sinn. Dat ass 2019 ugaang, mam Enn vu Legotrip, menger Band, mat där ech 10 Joer immens erfollegräich ënnerwee war (an zwar ganz nohalteg, quasi exklusiv zu Lëtzebuerg). Och MASKéNADA, de Kënschtlerkollektiv deen ech 1995 mat an d’Liewe geruff hat, huet déi Zäit Krise matgemaach a wär bal opgeléist ginn.
An du koum 2020 Corona a mat him de Verbuet mäi Beruff auszeüben an d’Ongewëssheet, ob een iwwerhaapt nach zréck op d’Bün kann. Wien eng radikal Afrostellung wollt hunn, hei war se! Déi absurd Situatiounen déi duerno opkoumen, mat den Tester, Impfungen, QR-Coden… hunn däitlech gemaach, wéi fragil den Zougang zur Kultur fir jiddereen ass, op wéi enge wackelege Been d’Mënscherecht op Kultur steet a wéi séier et ausgeklammert ka ginn, an dat vu sougenannte fortschrëttlechen a liberale Kräften. Och ass de Gruef krass däitlech ginn tëscht deenen, déi e festen Job an der Kultur hunn, an deenen, déi onofhängeg sinn. Deenen engen hir Paien si weidergelaf, och wann si méintlaang näischt gemaach hunn, déi aner hunn ëm hir Existenz misste fäerten. A gekämpft fir d’Kultur an d’Konscht um Liewen ze halen hunn déi allermannst. Vu Solidaritéit war net vill ze gesinn. Do freet een sech séier, wéi relevant dee ganze Kulturzirkus, a mat him seng eegen Aarbecht, iwwerhaapt ass.
Alles wat an där Zäit geschitt ass huet bis haut Nowierkungen. Fir mech war et e Broch, e richtege Rass an der Fassade, déi ëmmer méi bréckelt, ma hannert där sech weider verstoppt gëtt, wéi wann näischt gewiescht wär. De kulturellen Establishment vu Politik, Institutiounen an Administratioune krut keng Zack aus der Kroun geschloen, an och déi meescht Kënschtler hunn alles geschléckt a maache monter weider. Fir mech ass d’Irrelevanz vun der kultureller Produktioun a Politik just nach méi flagrant gi wéi se scho war. An natierlech hunn ech selwer och misste weidermaachen, optrieden, zesummeschaffe mat deenen, déi ech als Verréider vum artisteschen Ideal ugesinn. Sinn ech sou net och zu engem Verréider ginn, och vu mir selwer?

Mat deem Gepäck um Bockel (oder am Ënnerbewosstsinn) hunn ech am Juni 2024 de Steve Karier ugeschwat, deen zanter 2010 de Monodrama Festival leet. Dëse Programm fir solo Performancë stécht fir mech aus dem Eenheetsbräi vun der Kulturproduktioun zu Lëtzebuerg eraus. Hei erlieft ee Relevanz wéi soss kaum nach op de Bünen. Hei sti Mënsche virun engem, déi hir Geschichte vun hei an elo erzielen, an dat meeschtens op ganz perséinlech a beréierend Manéier. Mat ganz wéinege Mëttelen. Am krasse Widdersproch zu deem wat soss gebuede gëtt, wou et meeschtens onperséinlech hiergeet, ouni Geschichten déi d’Leit hei an elo beréieren, mat groussem Opwand an null Nohaltegkeet.
De Monodrama Festival war fir mech dofir den ideale Kader fir eppes ze probéiere wat e radikale Broch mat deem sollt sinn, wat ech bis elo gemaach hunn. Well och wann ech ëmmer nees nei Formater erfonnt hunn a menger eegener Konscht, hat ech mech dach e bëssen etabléiert a menger Unerkennung beim Publikum, an dat geliwwert wat hie vu mir erwaart huet. Dat ass näischt Schlechtes u sech, mee déi Erkenntnis, gekoppelt mat deem Rass an der Fassade vun deem ech grad geschwat hunn, huet um Enn d’Noutwendegkeet vun engem radikale Broch ausgeléist. Am Gespréich mam Steve ware mer eis séier eens, dass ech eppes sollt probéieren, wat keen erwaarde géif, souguer ech selwer net. An du ware mer schnell bei der Form vum Danz, e Beräich wou bei mir kierperlech Limitatioune mat absolutter Inkompetenz openeen treffen. En Danzsolo also, näischt manner. Fir sou eppes ze maachen, däerf een net zécken oder virsichteg virgoen. Et muss een d’Schnëss déck oprappen an eppes grouss ukënnege wat een u sech guer net kann, fir dass een net méi derlaanscht kënnt et och wierklech ëmzesetzen. Sou hunn ech dat dunn och gemaach.
Duerch de Choix vun enger Technik déi ech net beherrsche war et mir och séier kloer, dass ech ganz anescht un dës Kreatioun misst erugoe wéi soss. Soss ass ëmmer als éischt en Inhalt do, en Text, eng Melodie, e puer Akkorden. Aus deem Inhalt huet sech dann d’Form erginn: e Lidd, en Album, en Theaterstéck… Fir nei Weeër ze goen hunn ech mer am Ufank selwer verbidden un engem Inhalt ze schaffen. D’Form geet vir. An esou hunn ech ugefaang kierperlech ze schaffen: Coursë vun expression corporelle, Workshoppen fir Danz a Choreographie, Yoga (mam Sabine), eng kleng Aféierung an de Butohdanz… Doniewent de radikale Stopp vum Alkoholkonsum. Den Alkohol ass zanter éiweg meng Drog an huet zu mengem rock’n’roll Liewensstil gepasst. Ech hat e vläicht néideg fir d’Welt z’erdroen a fir menger Loscht nom Kontrollverloscht nozegoen. Hei huet en awer misste wäichen, wat kierperlech vill ausgemaach huet, awer och mental. Als krankhaft empathesche Mënsch, ass et mir ganz schwéier de Misär op der Welt z’erdroen, an deen ass a leschter Zäit just nach gewuess an d’Mënschheet ass mer nach méi friem ginn, wéi se scho war. Den Alkohol, dee soss vläicht e Mëttel war dat Leed ze vergiessen, huet mech elo éischter nach méi erofgezunn, wat wierklech net néideg war.
Eréischt déi lescht 3 Woche virum Optrëtt hunn ech Inhalt opkomme gelooss, an zwar dat wat zoufälleg opkoum, ouni laang Meditatiounen. E Lidd, Biller, e Maquillage, en Tüttü, eng Tounkreatioun, hate speech vum Internet…alles zimmlech oniwwerluecht a fléissend. Um Enn ass eng Performance entstan, déi eng eenzeg Kéier ze gesi war. Den Applaus war schéin an d’Resultat war dat wat et war, awer um Enn onwichteg. Wichteg war de ganze Wee, fir de kreative Prozess komplett nei z’erliewen, wéi wann et déi éischte Kéier wär. Erauszeklammen an nei unzefänken. Wat elo mat deem “Produit” a mat där Erfarung geschitt, weess ech nach net. Vläicht maachen ech ganz nei Saachen, vläicht ginn ech nees zréck bei dat “wat ech kann”. Ech weess just, dass ech nees weess wéi liewenswichteg, wéi gewalteg, wéi helleg, wéi schéin a wéi ellen, wéi liicht a wéi ustrengend, wéi relevant de kreative Prozess ass. Aus näischt eppes maache wat d’Mënsche beréiert ass eng ganzheetlech Erfarung, kierperlech, emotionell, intellektuell a spirituell a si steet am krasse Géigesaz zu deem wat d’Mënschen am Moment opféieren, nämlech d’Destruktioun vun allem wat hinnen an de Schouss geluecht gouf. Näischt ass dem Mënsch méi helleg, an dat bedeit Zerstéierung, Misär an Ënnergang. Kreativ sinn, kreativ ginn ass d’Géigegëft, an et ass jidderengem zougänglech, och ganz ouni Virwëssen a Kenntnisser. Dass ee muss Courage beweise fir dee Wee ze goen ass traureg, et misst eng Selbstverständlechkeet sinn. Well et keng ass, sinn ech dankbar, dass ech de Wee hei nach emol ganz nei goe konnt.
Fotoen vum Laurent Sturm