muer ass ofgesot

“Ofgesot” ass wuel d’Wuert vum Joer 2020, besonnesch fir Museker an all aner Bünekënschtler. Onzieleg Concerten a Virstellunge sinn ofgesot ginn, déi meescht ouni Bezuelung oder Entschiedegung. Och ass et elo, a bis op Weideres, onméiglech eng Tournée mat Concerten ze plangen. Wéi ee Sënn mécht et dann iwwerhaapt nach, fir en Album opzehuelen, Zäit, Energie a Finanzen z’investéieren, an e Projet, deen een net ënnert d’Leit brénge kann? Mécht et iwwerhaapt nach Sënn, de Beruff vum Museker weider auszeféieren? Déi Froe schwéngen am Ënnerbewosstsinn mat, wann een doheem u Lidder schafft, an net méi weess, wéi ee Liewen déi Lidder nach kënnen hunn.

lidd hei

An där Stëmmung ass “muer ass ofgesot” entstanen. Am Text geet et awer nëmmen implizitt ëm d’Situatioun déi de Virus eis imposéiert. Well ass muer net ëmmer ofgesot? Weess een net och an “normalen Zäiten” net, wat muer bréngt, an ob et muer iwwerhaapt gëtt? Waren d’Kontroll, de Plang an de Kompass net nach ëmmer eng Illusioun? D’Lidd ass dofir éischter d’Aluedung, sech op den “Hei an Elo” ze konzentréieren, op d’Wichtegkeet dat Weesentlecht net op muer ze verréckelen: dat wat een nach soe wollt, duer wou een nach goe wollt, Dreem, Frënn a Mënschen déi ee gären huet. Sou ass “muer ass ofgesot” op den zweete Bléck e positiivt Lidd: Mokuchsdag ass haut!

Am Moment liewen ass dofir vläicht méi wichteg, awer och méi schwéier, wéi jeemools virdrun. Sech fräimaache vu sengen eegene Suergen, a vun de Suergen déi een all Dag an d’Haus geliwwert kritt, mat Infektiounszuelen, restriktive Moossnamen a Polemiken déi sech nëmmen nach ëm dem Mënsch säin Ego dréien an enger Politik, déi vun all Inhalt befreit ass.

a wann d’welt sollt ënnergoen
kuck mam geck um hiwwel no
ech mengen haut ass mokuchsdag
well muer ass ofgesot

“Ofgesot” (annulé) est sans doute LE mot de l’année 2020, surtout pour les musiciens et autres artistes de la scène. D’innombrables concerts  et représentations ont été annulés, la plupart sans cachets ni dédommagements. Aussi est-il pour le moment et jusqu’à nouvel ordre, impossible de planifier une tournée avec des concerts. Quel sens y a-t-il alors encore à enregistrer un album, d’investir du temps, de l’énergie et de l’argent dans un projet qu’on n’arrive pas à  présenter devant un public? Où est le sens d’exercer encore le métier de musicien? Ces questions résonnent dans le subconscient quand on travaille sur des chansons, dont on ne sait plus quelle vie elles pourront avoir.

C’est dans cette ambiance que “muer ass ofgesot” a vu le jour. Mais le texte ne reprend qu’implicitement la situation que le virus nous impose. Parce que demain, n’est pas toujours annulé? Sait-on vraiment, dans les “temps normaux”, de quoi demain sera fait, et si demain existe seulement? Est-ce que le contrôle, la plan et la boussole n’ont pas toujours été une illusion? La chanson est donc plutôt une invitation à se concentrer sur le “ici et maintenant”, sur l’importance de ne pas reporter l’essentiel à demain: tout ce qu’on voulait encore dire, les chemins qu’on voulait encore prendre, les rêves, les amis er les gens qu’on aime. Ainsi “muer ass ofgesot” est une chanson positive: La Saint-Glinglin, c’est aujourd’hui.

Vivre dans le moment est devenu plus important, mais aussi plus dur, que jamais. Se libérer de ses propres soucis, et de ceux qu’on nous livre jour pour jour avec les chiffres des infections, les mesures restrictives et les polémiques qui ne tournent plus qu’autour de l’égo de l’homme, dans une politique qui est libérée de tout contenu. 

muer ass ofgesot

muer ass ofgesot
(text & musek: serge tonnar)

1
lauschter de vullen no
an otem an an aus
spier de wand an dengen hoer
a kuck an d’land eraus

all wuert wat s de wollts soen
all wee deen s de wollts goen
haut ass net ze fréi
a gëschter kënnt ni méi
et gëtt just nach elo
well muer ass ofgesot

2
kontroll ass e phantom
de kompass illusioun
d’zäit bleift fir ëmmer stoen
kee plang a keng visioun

all dram deen s de nach hues
all mënsch deen s de gären hues
haut ass net ze fréi
a gëschter kënnt ni méi
et gëtt just nach elo
well muer ass ofgesot

3
gleef net alles wat se soen
wa si lafen, bleif mol stoen
mir sinn aus stären an aus léift gemaach
a wann d’welt sollt ënnergoen
kuck mam geck um hiwwel no
ech mengen haut ass mokuchsdag
well muer ass ofgesot

demain est annulé
(paroles et musique: serge tonnar)

1
écoute les oiseaux
inspire et expire
sens le vent dans tes cheveux
laisse planer ton regard

chaque mot que tu voulais dire
chaque chemin que tu voulais prendre
aujourd’hui n’est pas trop tôt
et hier ne reviendra plus
il n’y a plus que maintenant
car demain est annulé

2
le contrôle est un fantôme
la boussole illusion
le temps s’arrête à jamais
pas de plan, pas de vision

chaque rêve qui te reste
tous ceux que tu aimes
aujourd’hui n’est pas trop tôt
et hier ne reviendra plus
il n’y a plus que maintenant
car demain est annulé

3
ne crois pas tout ce qu’ils disent
quand ils courent, ne bouge pas
nous sommes faits d’étoiles et d’amour
et si c’était la fin monde
contemple avec le fou sur la colline
je crois que c’est la Saint-Glinglin aujourd’hui
car demain est annulé

tomorrow has been cancelled
(words & music: serge tonnar)

1
listen to the birds
breathe in and breathe out
feel the wind in your hair
and look over the land

every word you wanted to say
every road you wanted to take
today is not too early
and yesterday is gone
there is only now
because tomorrow has been cancelled

2
control is a phantom
the compass an illusion
time stands still for good
no plan and no vision

every dream that you still have
everyone that you do love
today is not too early
and yesterday is gone
there is only now
because tomorrow has been cancelled

3
don’t believe everything they say
when they run, stand still
we are made of stars and love
and should the end of the world come
look on with the fool on the hill
i think today is saint neversday
and tomorrow has been cancelled

“Ofgesot” ass wuel d’Wuert vum Joer 2020, besonnesch fir Museker an all aner Bünekënschtler. Onzieleg Concerten a Virstellunge sinn ofgesot ginn, déi meescht ouni Bezuelung oder Entschiedegung. Och ass et elo, a bis op Weideres, onméiglech eng Tournée mat Concerten ze plangen. Wéi ee Sënn mécht et dann iwwerhaapt nach, fir en Album opzehuelen, Zäit, Energie a Finanzen z’investéieren, an e Projet, deen een net ënnert d’Leit brénge kann? Mécht et iwwerhaapt nach Sënn, de Beruff vum Museker weider auszeféieren? Déi Froe schwéngen am Ënnerbewosstsinn mat, wann een doheem u Lidder schafft, an net méi weess, wéi ee Liewen déi Lidder nach kënnen hunn.

An där Stëmmung ass “muer ass ofgesot” entstanen. Am Text geet et awer nëmmen implizitt ëm d’Situatioun déi de Virus eis imposéiert. Well ass muer net ëmmer ofgesot? Weess een net och an “normalen Zäiten” net, wat muer bréngt, an ob et muer iwwerhaapt gëtt? Waren d’Kontroll, de Plang an de Kompass net nach ëmmer eng Illusioun? D’Lidd ass dofir éischter d’Aluedung, sech op den “Hei an Elo” ze konzentréieren, op d’Wichtegkeet dat Weesentlecht net op muer ze verréckelen: dat wat een nach soe wollt, duer wou een nach goe wollt, Dreem, Frënn a Mënschen déi ee gären huet. Sou ass “muer ass ofgesot” op den zweete Bléck e positiivt Lidd: Mokuchsdag ass haut!

Am Moment liewen ass dofir vläicht méi wichteg, awer och méi schwéier, wéi jeemools virdrun. Sech fräimaache vu sengen eegene Suergen, a vun de Suergen déi een all Dag an d’Haus geliwwert kritt, mat Infektiounszuelen, restriktive Moossnamen a Polemiken déi sech nëmmen nach ëm dem Mënsch säin Ego dréien an enger Politik, déi vun all Inhalt befreit ass.

“Ofgesot” (annulé) est sans doute LE mot de l’année 2020, surtout pour les musiciens et autres artistes de la scène. D’innombrables concerts  et représentations ont été annulés, la plupart sans cachets ni dédommagements. Aussi est-il pour le moment et jusqu’à nouvel ordre, impossible de planifier une tournée avec des concerts. Quel sens y a-t-il alors encore à enregistrer un album, d’investir du temps, de l’énergie et de l’argent dans un projet qu’on n’arrive pas à  présenter devant un public? Où est le sens d’exercer encore le métier de musicien? Ces questions résonnent dans le subconscient quand on travaille sur des chansons, dont on ne sait plus quelle vie elles pourront avoir.

C’est dans cette ambiance que “muer ass ofgesot” a vu le jour. Mais le texte ne reprend qu’implicitement la situation que le virus nous impose. Parce que demain, n’est pas toujours annulé? Sait-on vraiment, dans les “temps normaux”, de quoi demain sera fait, et si demain existe seulement? Est-ce que le contrôle, la plan et la boussole n’ont pas toujours été une illusion? Ainsi la chansons est plutôt une invitation à se concentrer sur le “ici et maintenant”, sur l’importance de ne pas reporter l’essentiel à demain: tout ce qu’on voulait encore dire, les chemins qu’on voulait encore prendre, les rêves, les amis er les gens qu’on aime. Ainsi “muer ass ofgesot” est une chanson positive: La Saint-Glinglin, c’est aujourd’hui.