(Bob Dylan “Masters of war”)
Kommt dir Meeschtere vum Krich, dir déi déck Waffe baut
An d’Fligere vum Doud, dir déi all d’Bomme baut
Sidd verstoppt hannerwands, wéi der um Büro sëtzt,
Ech wëll just dass der wësst, ech gesinn duerch är Mask
Dir baut dach nëmme fir alles futti ze maachen
Dir spillt mat menger Welt wéi wann et är Spillsaach wier
Dréckt mer eng Waff an d’Hand a gitt iech da verzéien
Dréit iech em a laaft fort wann déi schnell Kugele fléien
Wéi de Judas am Buch dréckt dir eis op d’Aen
Dass een e Weltkrich gewënnt, wëllt der mir kloermaachen
Ma ech gesinn duerch är Aen, wat an ärem Kapp ofleeft
Wéi ech gesinn duerch d’Waasser, dat méi Kullang erofleeft
An dir spaant jo all d’Waffen, ma dir schéisst selwer net
Leet iech zréck a kuckt no, wéi ‘t ëmmer méi Doudeger gëtt
Verstoppt iech an enger Villa, dir loosst d’Blutt fléissen doen
Aus ze jon-ke Kierperen an am Bulli ënnergoen
An déi schlëmmsten Angscht, déi ass vun iech ausgaangen
D’Angscht fir an dës Welt nei Mënschen ze maachen
Dir dréit mengem Kand, dat mol nach guer net lieft
Dir sidd d’Blutt mol net wäert dat duerch är Odere leeft
An ech man de Bak op, ma wat weess ech da schonn?
Dir kënnt soen ech wär jonk, dir kënnt soen ech wär domm
Ech si vläicht méi jonk wéi dir, awer ech weess eng Saach
Dass souguer Jesus nimools géif verzeie wat dir maacht
An ech stellen iech eng Fro: ass äre Fric sou gutt?
Keeft en iech vläicht Verzeiung, wann der se néideg hutt
Ech mengen dir mierkt, wann den Doud bei iech kënnt
All de Fric deen der hutt keeft iech är Séil net erëm
An ech hoffen dir stierft, dass den Doud iech gläich huet
An deen Dag do trëppelen ech hannert ärer Lued
Kucken no wéi se iech leeën an äert Bett fir d’Éiwegkeet
Stinn iwwert ärem Graf, fir sécher ze sinn, dir sidd dout