Wéini
13/12/2020
5:00 pm - 7:00 pm
Musiker fir den Dialog tëscht de Kulturen
Fruz Tonteling, Marly Marques, Annemie Osborne
Georges Urwald, Tohid Tohidi, Serge Tonnar
online on FB & Youtube (Mir wëllen iech ons Heemecht weisen)
Dëse Programm kann een ënnerstëtzen mat engem Don, Detailer op https://onsheemecht.lu/fundraiser
D’Fest vun der Heemecht ass e Lëtzebuerger Owend dee weist, dass eis Sprooch an eis Kultur do sinn fir Brécken ze schloen, an net fir d’Leit ze trennen. Dëst Joer ass d’Fest an den Internet verluecht ginn, an et sinn 6 ganz ënnerschiddlech Solo-Artisten déi sech mat hirer Musek fir den Dialog asetzen. De Kader fir dëst intimistescht Fest bitt de Stued Theater zu Gréiwemaacher, e klengt Stéck Heemecht wou Kultur an Dialog grouss geschriwwe ginn.
Jidderee vun de Kënschtler gëtt an engem klengen Optrëtt en Abléck a seng Aarbecht an a säi Verständnis vun Kultur a Kulturen: D’Fruz Tonteling an d’Annemie Osborne déi sech tëscht Klassik, Folk a Worldmusek beweegen, d’Marly Marques, wat am Jazz, am Fado an am latäinamerikanesche Liddergutt doheem ass, de Goerges Urwald, e Spezialist vun der Musek op Lëtzebuergesch, deen tëscht de Genren wiesselt, den Tohid Tohidi, neie Lëtzebuerger a fréiere Flüchtling aus dem Iran, deen eleng op der Gittar ganz gefillsvoll Interpretatioune bitt an de Serge Tonnar, Liddermécher an Aktivist vun heiheem.
D’Heemecht ass net méi dat, wat se mol war. Si ass eng multikulturell Gesellschaft, an där d’Kulturen allerdéngs ze dacks niefteneen, amplaz matenee liewen. An da sinn an de leschte Joren nach Mënschen derbäi komm, déi guer keng Heemecht méi hunn, oder déi an hirer Heemecht net méi doheem kënne sinn. All zesumme maache mir eis nei Heemecht aus. An dofir ass den interkulturellen Dialog méi néideg wéi ëmmer. Vun deem Dialog gëtt vill geschwat, mee wierklech ëmgesat gëtt e ganz seelen. Aus deem Gronn ass 2015 de Veräin “Mir wëllen iech ons Heemecht weisen” an d’Liewe geruff ginn. Dësen Numm, en Zitat aus dem Méchel Lentz sengem “Feierwon”, ass Programm. Mat den Ausdrocksforme vun eiser Kultur brénge Fräiwëlleger d’Awunner vu Lëtzebuerg mat Flüchtlingen zesummen. D’Kultur eegent sech besonnesch gutt fir d’Mënschen zesummen ze bréngen, éischt Kontakter ze schafen an den Dialog un d’Rullen ze kréien: zesummen danzen, sangen, musizéieren a feieren, oder am Grupp kulturell Ausflich ënnerhuelen… Mat dësen an aneren Aktivitéiten dréit “Mir wëllen iech ons Heemecht weisen” zum Dialog tëscht de Kulturen, zur Inclusioun an zum soziale Fridde bäi.
Map Unavailable