(Text: Michel Lentz | Musek: Edmond Lentz)
1
Vu mengem Duref goung ech hir
dat frësch am Grénge läit
do hannen iwwert dem grousse Mier
sou wäit vu mir, sou wäit
Do steet en aremt klinzegt Haus
eng Bänk virun der Dier
Do breet eng Lann hir Blieder aus
mécht kille Schied dervir
Refrain
Wéi hunn ech d’Hierz sou wéi,
gitt mir mäin Daach vu Stréi
a mengem Duerf erëm,
ech ginn iech alles drëm
2
Vu menger Mamm fort goung ech hir
dee gudden Engel do
Mat hirem Hierz geet iwwert d’Mier
si iwwerall mir no
Op onser Bänk, virun der Dier
hu mir sou oft gesiess
a koum ons d’Liewen däischter vir
mir hunn et do vergiess
3
Vun hinnen zwee fort goung ech hir
hunn néierens keng Rou
An zënter zwëschen ons dat Mier
ginn ech och net méi frou
Kënnt op der Bänk, virun der Dier
ech sëtzen eng Minutt
bei hinnen zwee, da wär et mir
op dëser Welt rëm gutt