De Konschtrot, an e gudde Rot fir d’Konscht
an et ass ee léiwer dee leschten zu roum
wéi an der provënz ganz vir
a souguer wann ee guer net bis op roum koum
war ee wéinstens eng kéier vrun der dir
an déi provënz déi ass net hei mäi kand
an déi provënz gehéiert ofgerappt
an déi provënz ass net op enger kaart, an engem land
well déi provënz ass an dengem kapp
aus “lokalmatador“
Kierzlech war de Kultursecteur agelueden op en Austausch mat de Responsabele vum Kulturministère iwwert d’Schafung vun engem “arts council”, enger zentraler Struktur, déi zoustänneg soll ginn iwwert d’Gestioun vu finanziellen a strukturellen Hëllefe fir d’Kënschtler. Soe mer direkt, dass et erfreelech ass ze spieren, dass de Secteur weiderhin direkt consultéiert gëtt. Gläich am Ufank sot de Jo Kox “Mir wëssen zanter Joren dass mer en arts council wëllen”. Perséinlech wosst ech dat zwar nach net, a mengen och, dass de Secteur aner Prioritéiten huet, an dass des Prioritéit éischter déi vum Jo Kox a vum Ministère ass. Och sinn et nach net vill Detailer ginn, wéi dëse Konschtrot (arts council op Lëtzebuergesch) genee soll ausgesinn, sou dass et schwéier war, konkreten Input ze ginn. Ma et geschitt eppes, a mir däerfen derbäi sinn.
Zum aktuelle Wëssensstand dofir just dat hei: Wa schonn e Konschtrot an d’Liewe geruff soll ginn, sollt een tabula rasa maache mat deem wat bis elo do ass, an e Konschtrot schafen, deen ALL Konschtsparte regroupéiert (och de Film). Eng “solution à la luxembourgeoise”, wou déi scho bestoend Initiativë weider nieft dem Konschtrot funktionnéieren, riskéiert d’Saach net méi einfach, ma méi komplizéiert ze maachen.
Bedenklech ass déi manifest Entwécklung vun der Kulturpolitik Richtung Schwéierpunkt “promotion à l’étranger”. Et brauch ee just ze kucke wéi d’Hëllefe vum FOCUNA evoluéiert hunn. Och bei der Presentatioun vum Konschtrot, steet bei den“actions structurantes ”diffusion et promotion internationale”, en Equivalent am “national” sicht een ëmsoss. Dass eng Struktur wéi “Music LX”, op déi sech oft beruff gëtt, ausschliisslech fir d’Ausland do ass, an et näischt Ähnleches fir d’Inland gëtt, ass e weidert Beispill. Och am Luc Schadeck senger Aarbecht, engem Memoire deen en als Stagiaire um Kulturministère gemaach huet, an op déi sech hei beruff gëtt, steet:
Nous avons finalement proposé une tentative de conciliation par le biais d’un modèle mixte, qui verrait le fonds culturel national se transformer en institution spécialisée dans la promotion et la diffusion internationalede la création luxembourgeoise. Le ministère, tout en gardant ses compétences au niveau de la promotion internationale, concentrerait cependant ses actions de soutien financier (subsides) aux projets d’envergure nationale, étant donné que le nouveau fonds unifierait en son sein les aides financières et actions structurantes visant la mobilité et la promotion de la culture luxembourgeoise à l’étranger. Les instituts, établissements publics et associations restantes, viseraient le développement d’actions complémentaires, et non identiques, aux missions incombant au nouveau Focuna.
Firwat sollt deen neie Focuna (ass dat de Konschtrot?) net dat selwecht fir den national maachen? Firwat heescht et net einfach promotion et diffusion de la création, egal ob dat national oder international ass? Firwat gëtt iwwerhaapt en Ënnerscheed gemaach tëscht projets d’envergure nationalean denen aneren?
Et muss opgepasst ginn, dass mer net Kënschtler erunzéien, déi sech zwar un den internationale Kontext upasse kënnen, awer keng relevant Konscht méi fir Lëtzebuerg maachen, keng Geschichte vun hei erzielen, iwwert d’Gesellschaft vun hei, fir d’Leit vun hei. An der internationaler Zeen geet et meeschtens méi em Business wéi em Konscht. Sou heescht et dann och treffend bei den Hëllefe vun music.lx: Le but est de contribuer à renforcer la valeur de marché des artistes… Als extrem klenge Kulturkrees brauche mir richteg Kënschtler, déi sech mat der Realitéit vun hei ausenanersetzen, déi eng Konscht maachen, déi just vun hei ka sinn, an net grad sou gutt zu New York, London oder Reykjavik hätt kënnen entstoen. Domadder gëtt déi Konscht méi spezifesch an och am Ausland méi interessant wéi de globalen Eenheetsbräi. Dat ass kee Protektionismus, ma just dat wat eng gesond Gesellschaft brauch.
Am Allgemenge gëtt et Zäit, dass an der Kultur, nodeems an d’Infrastrukturen investéiert gouf, dono an d’Administratioune vun deene Strukturen, elo an déi Mënschen investéiert gëtt, déi den Inhalt vun der Kultur schafen, d’Kënschtler. De Kënschtler sollt an de Mëttelpunkt vun der Kulturpolitik gesat ginn. Déi Bourssen a Subsiden, iwwert déi an dësem Atelier geschwat goufen, stelle bis dato e finanzielle Volume vun 3 Milliounen Euro duer, also “Peanuts”, wéi de Jo Kox selwer am Ufank sot. Et ass awer symptomatesch, dass et sech bei dësen “Afennëss” em genee dee Montant handelt, deen d’Kënschtler selwer direkt ufroe kënnen. Déi déck Zomme fléissen an d’Administratiounen an an d’Programmatioun vun den Haiser, vun deenen d’Kënschtler vun hei och profitéieren, allerdéngs nëmmen indirekt, meeschtens zu engem vill méi klenge Mooss wéi “international” Kënschtler, an ënnert Kontrakter déi ganz oft dem Aarbechtsrecht net entspriechen.
Ouni Zweiwel ass festzestellen, dass e Wëllen do ass am Ministère, fir nei Weeër ze goen. Dat soll ee begréissen, ma et ass ze hoffen, dass de Kënschtler an d’Inhalter vun der Konscht déi wichtegst Roll an der neier Politik spille wäerten. Och de soziale Statut vum Kënschtler muss nei iwwerduecht ginn: wéi eng juristesch Form ass déi bescht (Independant, a.s.b.l., s.à.r.l.), wéi ginn d’Aarbechtskontrakter am Secteur regulariséiert, muss net en neie Régime fir Steieren, TVA a Soziallaaschten erbäi…? Besonnesch jonke Kënschtler muss et méi einfach gemaach ginn, hir éischt Schrëtt ze maachen, am Moment muss een 3 Joer als Independant ouni Hëllef vum Staat auskommen, ier een iwwerhaapt de Statut ufroe kann, an also sozial Hëllef kann ufroen. Da muss onbedéngt iwwert d’Nohaltegkeet vun der kultureller Produktioun zu Lëtzebuerg nogeduecht ginn, am Moment gëtt ganz vill “Wegwerfkultur” bedriwwen, d.h. subventionnéiert Produktiounen déi nëmme ganz kuerzlieweg sinn.
Mir hunn net genuch Kënschtler, déi fräi schaffe kënnen, a relevant kulturell Inhalter fir eis Gesellschaft schafen. Eis Gesellschaft wollt dat bis elo och net wierklech, am Géigendeel, et gëtt dem Kënschtler bis haut sou schwéier wéi méiglech gemaach, a wat e méi professionell an onofhängeg gëtt, wat em méi Steng an d’Weeër gehäit ginn. De Beruff vum Kënschtler sollt méi attraktiv gemaach ginn, seng Roll a säi Statut an der Gesellschaft nei definéiert ginn. Well wa mer keng gutt Kënschtler hunn, hu mer och keng gutt Konscht, an da brauche mer keng kulturell Infrastrukturen, keng Kulturadministratiounen an och kee Kulturministère. Da brauche mer keng Musek, kee Radio, keng Bicher, keng Bühnen a keng Biller. Da kënne mer ënnergoen an engem brutalen a reng zweckorientéierte Sumpfgebitt, dat eng Gesellschaft ouni Konscht wär. An dann iesse mer all, net nëmmen d’Kënschtler, mat den Afen Nëss…