« Approuvez-vous l’idée que les résidents non luxembourgeois aient le droit de s’inscrire de manière facultative sur les listes électorales en vue de participer comme électeurs aux élections pour la Chambre des Députés, à la double condition particulière d’avoir résidé pendant au moins dix ans au Luxembourg et d’avoir préalablement participé aux élections communales ou européennes au Luxembourg ? »
2015 hunn ech mech, wéi vill anerer, ëffentlech fir de Jo beim Referendum an der Fro vum Awunnerwahlrecht ausgeschwat. A wéi vill anerer kréien ech dat haut nach an de Kapp gehäit a ginn, wéi vill anerer, bei allméiglechen Themen, och där déi näischt mam Referendum ze dinn hunn, op d’Plaz gewise mat Spréch ewéi “Huet deen nach ëmmer näischt geléiert nom 80-20 vun 2015?”.
Grad wéi wann d’Gesellschaft haut zu 80 % géint alles wär wat ech, a vill anerer, zu deem Thema nach ze soen hunn. Wéi wann déi Trennung an de Stee gemeesselt wär a mer op all Éiwegkeet an där selwechter Proportioun oneens wären.
Grad wéi wann déi 80 % déi Nee gewielt haten, dat all aus deem selwechte Gronn gemaach hätten, an déi 80 % och nach haut zu allem wat d’Immigratioun betrëfft enger Meenung sinn, an nach ëmmer aus deene selwechten Ursaachen. Eemol gedeelt, ëmmer gedeelt.
Grad wéi wann een, wann een eng Kéier net Recht krut, op éiweg de Mond ze halen hätt, sech net méi z’engagéieren hätt, virun der Majoritéit wéi e Mippchen ze kuschen hätt, brav “Jo an Amen” ze soen hätt, e Liewe laang keng Meenung méi ausdrécken dierft, sech net méi ze mucksen hätt, am Beschten sech ganz aus der Ëffentlechkeet an de politesche Froen iwwerhaapt erauszehalen hätt, vläicht souguer besser nach einfach dout ëmzefalen hätt.
Grad wéi wann een de Referendum net respektéiere géif wann een haut trotzdeem der Meenung ass, dass an eisem Land e groussen Demokratiedefizit besteet, an een nach ëmmer dofir ass, den “résidents non luxembourgeois” d’Wahlrecht ze ginn. Dovunner ofgesinn, gesinn ech net a firwat een als Bierger iwwerhaapt “de Referendum ze respektéieren huet”. Am Numm vu wat? Vum éiwege Stëllstand? D’Politik, déi déi ganz schlecht Iddi hat déi Fro op déi Manéier ze stellen, soll sech vläicht drun halen, engagéiert Bierger sollen awer weider nodenken a sech äussere kënnen.
Perséinlech wär mir de “Jo” souwisou net wäit genuch gaangen. Ech wär dofir gewiescht, dass d’Auslänner sech net “de manière facultative” aschreiwe kéinten, mee obligatoresch wielen ze goen hätten, wéi all aner Bierger och. 10 Joer hei wunne wär fir mech och keng Conditioun gewiescht, 5 geet déck duer. Dass ee virdrun u Gemengen- oder Europawahle muss deelgeholl hunn, wär fir mech och kee Critère. Ech hu mech also fir e “Jo” agesat, obwuel ech éischter fir e “Jo, mee” gewiescht wär, mee där war keen do. Do gesäit ee schonn, dass dee Referendum, sou wéi en hei duerchgezu ginn ass, d’Gesellschaft ganz kënschtlech an zwee gedeelt huet, well souwuel beim Jo, wéi beim Nee, vill ënnerschiddlech Nuancë waren, déi net zur Sprooch komm sinn, an an Zukunft awer zur Sprooch sollte kommen.
Ma d’Politik schéngt seng Lektioun geléiert ze hunn an huet sech an de Wahlen och net gemuckst zu deem Thema, wat zu engem richtegen Tabu-Thema ginn ass. Nodeems déi vun den “80-20 Houschterten” prophezeite grouss Lektioun bei de Wahlen ausbliwwen ass, bleift ze hoffen, dass an der neier Regierung Weeër fonnt gi fir eis Gesellschaft méi gerecht ze maachen. Vläicht gëtt jo souguer eng Kéier europawäit, am Beschten ouni Referendum, e Residenzwahlrecht agefouert, wou jiddereen do wiele kann, wou e schafft a Steiere bezilt.
An deenen 80 % vun de Leit, déi der Meenung, dass ech dat hei iwwerhaapt net schreiwen däerft, soen ech: “Dir kënnt mech mol mat Ärem Referendum! Well elo ass et Ären. Dir kënnt en halen. Ech wëll en net méi.”