Wéi ech fir d’éischt a mengem Liewen op enger Theaterbühn viru Publikum stoung, dat war den 13. November 1989 am groussen Theater, mat kengem anerem wéi dem Grand-Duc Jean am Publikum. Et war nämlech fir säi 25. Trounjubiläum, a mäi klenge Bridderche Yann an ech waren de roude Fuedem vum Owend, an eisen eegene Rollen als jonk Scouten, déi ëmmer erëm mat klenge Sketcher opgetruede sinn, ënnert der talentéierter Leedung vum Pir Fixmer. Ech hunn de grousse Brudder gespillt, mat der décker Schnëss vir, dee sech awer herno komplett veriert, an no sengem klenge Bridderche fir Hëllef geruff huet. An enger Zeen sinn ech laanscht de Grand-Duc am Publikum gaangen, an ech hunn héiere wéi hie gutt gelaacht huet. Dat war fir mech en Zeeche vun Unerkennung, besser wéi all Applaus, besser wéi eng Medaile. Et war awer och de Moment wou ech gemierkt hunn, dee Mann ass wéi mir, wéi Du an ech, deen ameséiert sech gär, deen ass frou, wann net alles nom Haff sengem Protokoll leeft, wann en iwwerrascht gëtt, wann e seng Roll vläicht kuerz vergiesse kann. A grad dat ass d’Kraaft vun der Konscht an der Kultur, d’Kraaft eis aus eisem Alldag eraus ze zauberen, d’Kraaft déi mécht, dass mir eis selwer, eist Liewen, eis Suerge vergiessen, d’Kraaft fir ee Moment just Mënsch ze sinn.
Dass elo, am Numm vun deem selwechte Mann, onzieleg kulturell Ereegnesser ofgesot ginn, ass e falscht Zeechen. Well wéien Zeechen ass dat fir d’Leit? Et wierkt ewéi wann Kultur a Konscht net ubruecht wären a Momenter vun Trauer. Dobäi ass grad de Géigendeel de Fall! Grad a schwéiere Momenter spille Konscht a Kultur eng wichteg Roll, souguer méi wéi an der sougenannter Normalitéit. Wee vun eis weess net selwer wéi e schéint Lidd, e gudde Film, e spannend Buch eis aus der Trauer hëllefe kann, eis un dat Wesentlecht erënnere kann, eis zeréck an d’Liewen huele kann? Déi Leit, Organisatiounen, Strukturen, a Gemengen déi elo am Numm vun der nationaler Trauer d’Kultur an den Eck drécken, maachen dat haaptsächlech, fir sech selwer wichteg ze maachen, fir no baussen ze weisen, wéi beréiert si sinn. Et erënnert mech un déi heiansdo zweiwelhaft Motivatioun déi een an der nationaler Betraffenheetsorgie “Télévie” erëmfënnt, där een zoufälleg grad och elo net aus dem Wee kënnt. Oder vläicht ass et och just ganz onbehollef aus Onsécherheet.
An dann denken ech nees un dee Mann, de Scoutechef, dee gutt gelaacht huet, wéi mir den Uz viru senger Nues gedriwwen hunn. Denkt dach drun, dee Mann war wéi mir, wéi du an ech, deen huet sech gär ameséiert, dee war frou, wann net alles nom Haff sengem Protokoll leeft, wann en iwwerrascht gëtt, wann e seng Roll vläicht kuerz vergiesse kann. Ech ka mer ganz schlecht virstellen, dass grad dee Mann frou wär, wann a sengem Numm kulturell a populär Ereegnesser géifen ofgesot ginn. Ganz am Géigendeel. Feiert Är Fester, feiert de Jean, feiert mam Jean, ma feiert, nondidjëft!
Dass de Jang, wéi d’Vollek eisen ale Grand-Duc net ouni Respekt genannt huet (grad wéi mer den Heng och Heng nennen) elo dout ass, fannen ech perséinlech net traureg. Ech fannen et méi traureg, dass d’Leit elo Trauer amplaz Freed mussen a Verbindung mat deem léiwe Mann bréngen. Dat ass symptomatesch fir eis krankhaft Bezéiung zum Doud. Ëm Gottes Wëllen, Vollek, dee Mann hat 98 Joer, e war krank, an et ka fir keen eng Iwwerraschung sinn, dass en elo huet misste stierwen! Stierwen ass dat normaalst wat et gëtt, ouni Stierwen gëtt et och kee Liewen, maacht also net ëmmer eng Nummer draus, wéi wann Der aus alle Wolleke fale géift! Ech fannen et riichteraus respektlos, wann een nom Liewe vun engem Mënsch dem Doud, an den negative Gefiller, de Monopol iwwerléisst, amplaz d’Liewe vun deem Mënsch ze feieren, sech ze freeën, dass et dee Mënsch ginn ass. Natierlech ass dat am Ufank ganz schwéier, besonnesch fir déi Leit, déi deem Mënsch ganz no waren. Ma fir de Rescht vun eis sollt et en Zeeche vu Respekt sinn, fir Freed un den Dag ze leeën, och wann et mat engem Hauch vun Nostalgie ass. Besonnesch d’Press, d’Regierung, all déi aner Offiziell an och déi kulturell Organisateuren, sollen hir Betraffenheetsminne fir sech halen, a gefällegst hir Aarbecht weidermaachen. Ech sinn iwwerzeegt, dass dem Jang dat besser gefall hätt.
De Jang ass dout. Vive de Jang! A Vive heescht Liewen!