Tonnar Urwald – Live am Kasemattentheater

Wéini
04/05/2022
8:00 pm - 9:30 pm

Wou
Kasemattentheater

Tonnar Urwald
Aus der Heemecht
Live am Kasemattentheater

4., 5. & 7. Mee 2022

Reservatioun:
(20 € / 8 €)

An hirem Programm “Aus der Heemecht” interpretéieren de Serge Tonnar an de Georges Urwald eng Rëtsch vu bekannten a manner bekannte lëtzebuerger Lidder aus dem 19. Joerhonnert op eng radikal perséinlech Manéier. Mateneen, an och mol géinteneen, zielen d’Stëmm an de Piano eis d’Geschichten aus de Lidder vun deemools an enger neier Sprooch, a loosse beim Nolauschterer d’Gefiller opliewen, déi de Kär vun dësen Texter a Melodien ausmaachen. “D’Pierle vum Da”, “De groussen Hexemeeschter” oder “De Feierwon” huet ee wuel nach ni sou frech héieren, an awer am Respekt vun den Originaler, déi auserneegeholl goufen fir se, mat vill Improvisatioun, oder gliddeg aus der Pan, nei opliewen ze loossen.

An der zweeter Hallschent vum 19. Joerhonnert ginn et zu Lëtzebuerg gutt Grënn, fir “Lëtzebuerger Liddercher” ze schreiwen. D‘Gesellschaft entwéckelt sech zu enger eegestänneger, zu enger gefillten Natioun, wat sech a Lidder iwwert Land a Leit ausdréckt. Wéinst de ville Chéier, virun allem Männerchéier, ass eng Nofro fir lëtzebuergesch Lidder do. Owes doheem gëtt gesongen. D’Liddercher besangen dat, wat de Leit no steet: Gaart an Natur, Iessen an Drénken, Fräizäit, d‘Handwierk, d‘Léift, Alldagswäisheeten an Erënnerungen,… awer och d’Heemecht, a mat hir virun allem d’Fräiheet. Opfälleg produktiv an erfollegräich si bei den Textdichter de Méchel Lentz a bei den Toundichter säi Bouf, den Edmond Lentz, de Jean-Antoine Zinnen, de Laurent Menager, de Gustav Kahnt an natierlech den Edmond de la Fontaine, genannt den Dicks, dee virun allem mat ville Lidder aus senge Koméidisstécker “Éiweggrénger” produzéiert.

De Serge Tonnar ass fräischaffenden Auteur, Komponist an Interpret. Seng Haaptaktivitéit ass d’Kompositioun vun eegene Lidder. Derniewent schafft e geleeëntlech am Theater als Museker, Schauspiller, Regisseur an Auteur. 1995 ass hien Matbegrënner vu MASKéNADA, Kënschtlerkollektiv fir alternativ Projeten. 2015 huet en d’Associatioun “Mir wëllen iech ons Heemecht weisen” gegrënnt, déi sech fir den interkulturellen Dialog asetzt. 2020, an der Pandemie, huet hien déi artistesch online Platfformen Live aus der Stuff an Kulturkanal (KUK) an d’Liewe geruff.

De Georges Urwald klawéiert, tenéiert, arrangéiert, komponéiert, léiert, redigéiert, féiert: Pianist ë.a. bei gFLOTT an am Duo Hemmerlé Urwald, 1. Tenouer bei de Cojellico’s Jangen, Arrangeur fir Genre iwwergräifend Museksprojeten, Komponist vu Lidder a Bühnemuseken, Professer am Iechternacher Kolléisch, Redakter vun der didaktescher Heftserie iwwert Lëtzebuerger Kultur De Litty, artistesche Leeder vum Stued Theater zu Gréiwemaacher.

Album bestellen hei: https://www.maskenada.lu/shop/tonnar-urwald-aus-der-heemecht.html

Loading Map....