Serge Tonnar’s Jickeclub

Wéini
04/10/2025
6:30 pm - 7:30 pm

Wou
Glacis

Serge Tonnar
Gittar, Synthi, Stëmm
Rom “Wäissen” Christnach
Bass, Stëmm
Dirk Kellen
Battri, Stëmm 

JICK
Pluriel: Jicken (ouni -n: Jicke)
1.              DE           Murmel
                  FR            bille [jouet]
                  Beispill: an der Paus hunn d’Kanner mat de Jicke gespillt
2.              DE           Ei [Hoden]
                  FR            couille [testicule]
                  Beispill: an där enker Box kréien echmeng Jicke wéi

Mat mengem JICKECLUB probéieren ech e Format aus, mat deem ech mech bis elo kaum op eng Bün getraut hunn: de Power Trio. De Power Trio ass déi klassesch Rockband Formatioun mat Gittar, Bass a Battri mat enger staarker Dynamik, engem kraaftvolle Sound a vill Plaz fir Improvisatioun. An enger éischter Phase siche mer e Grappvoll vu menge Lidder eraus, déi sech fir sou eppes eegnen, a feieren eis Uropféierung fir den Trounwiessel den 4. Oktober 2025. D’Gittarspill steet do natierlech am Mëttelpunkt, dofir kann ech elo et méi driwwer zielen, ech muss prouwe goen!

JICKECLUB
Pluriel: Jickeclubben (ouni -n: Jickeclubbe) / Jickeclibb                 
DE           unbedeutender Verein, x-beliebiger Verein
FR            club de seconde zone, club minable, club de rien du tout
Beispiller:
An eiser Gemeng kritt all Jickeclub en décke Subsid, just mir net!
De Veräin vun de Schrëfsteller ass e richtege Jickeclub.
Loading Map....