Serge Tonnar Trio op de Pëttener Summer Nights

Wéini
06/08/2023
7:00 pm - 9:00 pm

Wou
Pëttener Schlass

INFOS & TIX

Den Serge mat sengem neien Trio, open air am wonnerschéine Kader vum Pëttener Schlass.

Hien huet jo keng Anung vun Jazz. Dat huet hien net dru gehënnert, mat zwee ganz villsäitegen Jazzmuseker, dësen Trio ze grënnen. De Boris Schmidt um Kontrabass ass e Meeschter am Grooven, eng roueg awer stabil Presenz, déi dem neie Sound déi néideg Déift gëtt. De Michel Meis spillt d’Battri wéi e melodescht Instrument, subtil, verspillt a voller Iwwerraschungen. Den Autodidakt Serge Tonnar, op der akustescher Gittar, gëtt sengem Trio de Rescht, an sou héiert ee seng Lidder an engem neie Klangkleed, mat méi Raum an Otempausen, e bëssen jazzy an easy-going, awer och emol mat fatzegen Instrumentalpassagen.

Serge Tonnar: Gittar & Gesang
Boris Schmidt: Kontrabass
Michel Meis: Battri

Loading Map....