Serge Tonnar an der Péitenger Carena

Wéini
27/06/2020
8:00 pm - 9:00 pm

Wou
Péitenger Carena

TICKETS

No der Quarantän kënnt de Serge Tonnar zréck op d’Bün, awer ouni seng Band Legotrip, déi scho virum Virus dropgaangen ass. Seng Lidder bleiwen eng Impfung géint emotionell a spirituell Veraarmung a maachen immun géint Intoleranz a blanne Gehorsam. Och als Aktivist ass de Serge net méi roueg ginn, a kämpft elo grad mat senger Fra Sabine fir e bessert Liewen zu Lëtzebuerg (Petitioun 1584). Fir dësen aussergewéinleche Concert an der Péitenger Carena, steet en mat enger Band vu Gaaschtmuseker op der Bün.

Eric Falchero: Piano
Ben Claus: Akkordeon
Marc Demuth: Bassgei
Dirk Kellen: Perkussioun

Loading Map....