Fest vun der Heemecht 2021

Wéini
10/12/2021
7:00 pm - 11:45 pm

Wou
Den Atelier

D’Cojellico’s Jangen
De Läb
Serge Tonnar & Band

TICKETS

 D’Fest vun der Heemecht ass e Lëtzebuerger Owend dee weist, dass eis Sprooch an eis Kultur do ass fir Brécken ze schloen, an net fir d’Leit ze trennen, ob am Hip-Hop vun De Läb, am Folkrock vum Serge Tonnar mat senger Band oder an der 20er Joren Chanson vun de Cojellico’s Jangen. D’Heemecht ass net méi dat, wat se mol war. Si ass elo eng multikulturell Gesellschaft, an där d’Kulturen allerdéngs ze dacks niefteneen, amplaz matenee liewen. An da sinn an de leschte Joren nach Mënschen derbäi komm, déi guer keng Heemecht méi hunn, oder déi an hirer Heemecht net méi doheem kënne sinn. All zesumme maache mir eis nei Heemecht aus. An dofir ass den interkulturellen Dialog méi néideg wéi ëmmer. Vun deem Dialog gëtt vill geschwat, mee wierklech ëmgesat gëtt e ganz seelen. Aus deem Gronn ass 2015 de Veräin “Mir wëllen iech ons Heemecht weisen” an d’Liewe geruff ginn. Dësen Numm, en Zitat aus dem Méchel Lentz sengem “Feierwon”, ass Programm. Mat den Ausdrocksforme vun eiser Kultur brénge Fräiwëlleger d’Awunner vu Lëtzebuerg mat Flüchtlingen zesummen. D’Kultur eegent sech besonnesch gutt fir d’Mënschen zesummen ze bréngen, éischt Kontakter ze schafen an den Dialog un d’Rullen ze kréien: zesummen danzen, sangen, musizéieren a feieren, oder am Grupp kulturell Ausflich ënnerhuelen… Mat dësen an aneren Aktivitéiten dréit “Mir wëllen iech ons Heemecht weisen” zum Dialog tëscht de Kulturen, zur Inclusioun an zum soziale Fridde bäi.

Um Plakat vun dëser Editioun vum Fest vun der Heemecht ass d’Marjan Abassi ze gesinn, eng jonk afghanesch Fra, déi zu Lëtzebuerg eng zweet Heemecht fonnt huet. Si poséiert an engem traditionellen afghanesche Kleed, an enger Positioun déi un déi vun “eiser” gëlle Fra erënnert. Domadder wëlle mer de Bezuch tëscht Lëtzebuerg an Afghanistan däitlech maachen, an eis Solidaritéit mam afghanesche Vollek ausdrécken. De Veräin Afghan-Lux Community Outreach wäert och um Fest present sinn fir sech virzestellen.

Dëse Programm kann een ënnerstëtzen mat engem Besuch um Beneficeconcert, den 10. Dezember am Atelier, engem richtege “Fest vun der Heemecht”, mat 3 Gruppen déi, jiddereen op seng ganz eege Manéier, op Lëtzebuergesch zum Dialog tëscht de Kulturen bäidroen.

Loading Map....