De Serge Tonnar & de Georges Urwald interpretéieren déi nei Nationalhymn “Ons nei Heemecht”
elo op allen üblechen digitale Plattformen
Ons nei Heemecht
(Michel Lentz / Serge Tonnar / Jean Antoine Zinnen)
| Ons Heemecht | Ons nei Heemecht |
| Wou d’Uelzecht durech d’Wisen zéit, | Wou d’Uelzecht durech d’Wisen zéit |
| Duerch d’Fielsen d’Sauer brécht, | Duerch d’Fielsen d’Sauer brécht |
| Wou d’Rief laanscht d’Musel dofteg bléit, | Wou d’Rief laanscht d’Musel dofteg bléit |
| Den Himmel Wäin ons mécht: | Den Himmel Wäin ons mécht |
| Dat as onst Land, fir dat mer géif | Dat ass déi Plaz fir déi mir géif |
| Hei nidden alles won, | Zesummen Heemecht soen |
| Ons Heemechtsland dat mir so déif | Jo dat Stéck Äerd dat mir so déif |
| An onsen Hierzer dron. | An onsen Hierzer droen |
| An sengem donkle Bëscherkranz, | A sengem donkele Bëscherkranz |
| Vum Fridde stëll bewaacht, | Vum Fridde stëll bewaacht |
| Sou ouni Pronk an deire Glanz | Sou ouni Pronk an deiere Glanz |
| Gemittlech léif et laacht; | D’Natur nach ëmmer laacht |
| Säi Vollek frou sech soë kann, | Fir dass nach muer dat seet all Kand |
| An ‘t si keng eidel Dreem: | Net just an eidelen Dreem |
| Wéi wunnt et sech sou heemlech dran, | Gi mir gutt uecht op Floss a Land |
| Wéi as ‘t sou gutt doheem! | Well hei si mir doheem |
| Gesank, Gesank vu Bierg an Dall | Gesank, Gesank vu Bierg an Dall |
| Der Äärd, déi äis gedron; | Der Äerd, déi äis gedroen |
| D’Léift huet en treie Widderhall | D’Léift huet e staarke Widderhall |
| A jidder Broschts gedon; | A jidder Broscht gedoen |
| Fir, d’Hemecht ass keng Weis ze schéin; | Fir d’Mënschheet ass keng Weis ze schéin |
| All Wuert, dat vun er klénkt, | All Wuert, dat vun er kléngt |
| Gräift äis an d’ Séil wéi Himmelstéin | Gräift äis an d’Séil wéi Himmelstéin |
| An d’A wéi Feier blénkt. | An d’A wéi Feier blénkt |
| O Du do uewen, deen seng Hand | Dem Frieme reeche mir eng Hand |
| Duerch d’Welt d’Natioune leet, | Déi duerch d’Natioune geet |
| Behitt Du d’Lëtzebuerger Land | Mir deelen d’Lëtzebuerger Land |
| Vru friemem Joch a Leed; | Zesummen an der Freed |
| Du hues ons all als Kanner schon | Mir kruten all als Kanner schonn |
| De fräie Geescht jo ginn, | De fräie Geescht jo ginn |
| Looss viru blénken d’Fräiheetssonn, | Loosst viru blénken d’Fräiheetssonn |
| Déi mir sou laang gesinn! | Déi mir sou laang gesinn |

