Petitioun 1584

LëtzebuergeschDownload EnglishDownload FrançaisDownload consulter

Pétition 1584, soumise par Sabine et Serge Tonnar-Stoltz le 1er mai 2020
Signatures recueillies: 1843

Intitulé:
Ons nei Heemecht
Mieux vivre au Luxembourg

But de la pétition:

Les signataires de cette pétition souhaitent que la qualité de vie, la solidarité, la santé et la durabilité soient déclarées priorités incompressibles de l’action politique au Luxembourg. Ils veulent le changement et sont disposés à adopter pour cela un mode de vie responsable de manière à assurer une vie meilleure aujourd’hui et pour les générations futures. Ils souhaitent que les dix principes de cette pétition soient adoptés par tous les acteurs politiques et qu’au terme d’une large consultation démocratique, ils débouchent sur des mesures et des mécanismes permettant de les transposer dans les faits. Ils souhaitent enfin que ces principes soient arrêtés dans un pacte entre l’État et la société civile. weider liesen

Fir wat kämpfe mer grad ?

Fir wat ?

Eng kleng Fro, fir déi mer am ganzen Akafsstress (fir déi eng) oder Engagement fir d’Mënschheet (fir déi aner) vläicht nach keng Zäit haten.

Mir wëllen iwwerliewen. Dat schéngt kloer. Mee fir wat? Also net nëmmen firwat (1 Wuert), mee fir wat (2 Wierder).

Ass et nëmmen fir z’iwwerliewen? Nee, dat wär e Selbstzweck a geet net duer. A sorry fir et nach emol kloer ze maachen: mir stierwen all. Dofir si mer iwwerhaapt hei. Wa mer net géife stierwen, géife mer iwwerhaapt emol net liewen.

Mir kämpfen a wëllen iwwerliewen fir all déi schéi Saachen, déi am Mënsch sinn: Liewensfreed, Bewosstsinn, Genéissen, Léift, staark Gefiller a Mateneen. Wa mer just kämpfen fir z’iwwerliewen, an herno do sëtzen, an all dës schéi Saache vergiess, verluer a verléiert hunn, dann hu mer fir näischt gekämpft. Da kënne mer grad sou gutt gläich de Läffel ofginn. Sou wichteg wéi mer all mengen, dass mer wären, si mer nämlech net.

Loosst mer eis un all Reegelen an Aschränkungen halen, awer ouni eis just nach panesch dorëms ze këmmeren, a virun allem ouni eis mënschlech Wäerter iwwer Bord ze geheien. Mir brauchen och kee Corona Liveticker, deen eis all Minutt eng nei Noriicht an de Kapp gehäit, déi an e puer Stonne schonn net méi stëmmt. Déi wichteg Noriichten gi mer souwisou gewuer.

Loosst mer léiwer all Moment drun denken, fir wat mer dat iwwerhaapt maachen, a kommt mir maachen et mat Liewensfreed, Bewosstsinn, Genéissen, Léift, staark Gefiller a Mateneen. weider liesen

Vive heescht Liewen !

Wéi ech fir d’éischt a mengem Liewen op enger Theaterbühn viru Publikum stoung, dat war den 13. November 1989 am groussen Theater, mat kengem anerem wéi dem Grand-Duc Jean am Publikum. Et war nämlech fir säi 25. Trounjubiläum, a mäi klenge Bridderche Yann an ech waren de roude Fuedem vum Owend, an eisen eegene Rollen als jonk Scouten, déi ëmmer erëm mat klenge Sketcher opgetruede sinn, ënnert der talentéierter Leedung vum Pir Fixmer. Ech hunn de grousse Brudder gespillt, mat der décker Schnëss vir, dee sech awer herno komplett veriert, an no sengem klenge Bridderche fir Hëllef geruff huet. An enger Zeen sinn ech laanscht de Grand-Duc am Publikum gaangen, an ech hunn héiere wéi hie gutt gelaacht huet. Dat war fir mech en Zeeche vun Unerkennung, besser wéi all Applaus, besser wéi eng Medaile. Et war awer och de Moment wou ech gemierkt hunn, dee Mann ass wéi mir, wéi Du an ech, deen ameséiert sech gär, deen ass frou, wann net alles nom Haff sengem Protokoll leeft, wann en iwwerrascht gëtt, wann e seng Roll vläicht kuerz vergiesse kann. A grad dat ass d’Kraaft vun der Konscht an der Kultur, d’Kraaft eis aus eisem Alldag eraus ze zauberen, d’Kraaft déi mécht, dass mir eis selwer, eist Liewen, eis Suerge vergiessen, d’Kraaft fir ee Moment just Mënsch ze sinn. weider liesen

Afennëss fir d’Kënschtler

De Konschtrot, an e gudde Rot fir d’Konscht

an et ass ee léiwer dee leschten zu roum
wéi an der provënz ganz vir
a souguer wann ee guer net bis op roum koum
war ee wéinstens eng kéier vrun der dir
an déi provënz déi ass net hei mäi kand
an déi provënz gehéiert ofgerappt
an déi provënz ass net op enger kaart, an engem land
well déi provënz ass an dengem kapp


aus “lokalmatador

Kierzlech war de Kultursecteur agelueden op en Austausch mat de Responsabele vum Kulturministère iwwert d’Schafung vun engem “arts council”, enger zentraler Struktur, déi zoustänneg soll ginn iwwert d’Gestioun vu finanziellen a strukturellen Hëllefe fir d’Kënschtler. Soe mer direkt, dass et erfreelech ass ze spieren, dass de Secteur weiderhin direkt consultéiert gëtt. Gläich am Ufank sot de Jo Kox “Mir wëssen zanter Joren dass mer en arts council wëllen”. Perséinlech wosst ech dat zwar nach net, a mengen och, dass de Secteur aner Prioritéiten huet, an dass des Prioritéit éischter déi vum Jo Kox a vum Ministère ass. Och sinn et nach net vill Detailer ginn, wéi dëse Konschtrot (arts council op Lëtzebuergesch) genee soll ausgesinn, sou dass et schwéier war, konkreten Input ze ginn. Ma et geschitt eppes, a mir däerfen derbäi sinn. weider liesen

Congé fir d’Kultur, Kultur fir de Congé

Opruff un d’Kulturpolitik

Den 13. Januar hunn ech um Radio 100,7, eisem ëffentlech-rechtleche soziokulturelle Radio, eng Sendung héieren wou déi nei Kulturministesch Sam Tanson an den neien éischte Mann am Ministère Jo Kox ageluede waren. An dësem Gespréich, ass vun der Animatrice d’Neesaféieren vum congé culturel als eng vun de ganz wéinege konkreten Mesuren genannt ginn, op déi “d’Leit déi an der Konscht schaffen” anscheinend dréngend waarden. D’Ministesch versprécht dann och, dass en nees agefouert gëtt. De congé culturel ass e spezielle Congé deen e Salarié kann accordéiert kréien, fir artistesche Projeten nozegoen, an deen dem Patron vum Staat rembourséiert gëtt. E gouf 1994 agefouert an 2015 nees ofgeschaaft well, sou d’Ministesch vun der Zäit, “d’après les observations du ministère, le dispositif n’a pas contribué à la professionnalisation de la scène artistique et culturelle” an et wéilt ee léiwer setzen op «des mesures plus ciblées, telles que des aides sociales, des bourses d’aide à la création, au perfectionnement et au recyclage artistique». weider liesen

Stell der vir

Kee gëttlecht Paradäis
Ma stell der dat mol vir
Keng Hell ënnert eis
Just Himmel iwwert dir

Stell der mol fir all d’Mënschen
Liewe just fir haut

Eng Welt ouni Natiounen
Ma stell der dat mol vir
An och ouni Reliounen
Kee muss stierwen dofir

Stell der mol vir all d’Mënschen
Liewen a Fridden

Du, du sees ech wär en Dreemert
Ma mir sinn zu méi wéi een
Ech hoffen du kënns och bei eis
An d’ganz Welt ass just nach Een

Stell der vir kee Besëtz méi
Ee vun de gréisste Wënsch
Kee Gäiz méi a keen Honger
E Brudder an all Mënsch

Stell der mol vir all d’Mënschen
Deele sech d’ganz Welt

Du, du sees ech wär en Dreemert
Ma mir sinn zu méi wéi een
Ech hoffen du kënns och bei eis
An d’ganz Welt lieft just wéi Een

John Lennon