Loosst déi jonk Leit liewen
An déi al Leit stierwen
Dës zwou Zeilen aus “Léiwer Herrgottsblieschen”, dem iwwerliwwerte Lidd fir Liichtmëssdag, si schonn an eiser Kandheet zenséiert an ersat ginn duerch:
Loosst déi jonk Leit liewen
An déi al derniewent
Obwuel an eisem Lidderbuch “Mir sangen”, 1978 vum Erzéiungsministère erausginn an “approuvé par la commission d’instruction“, d’Zeile mam Stierwen dra stinn. Firwat kënne mer also déi al Leit net stierwe loossen? Firwat musse si ob onbestëmmten Zäit nieft deene jonke liewen? Firwat ass den Doud en Tabu, ëmmer negativ konnotéiert? Natierlech ass den Doud vun noe Mënsche vun Trauer begleet. Ma wa mer dem Doud duerno de Monopol vun eise Gefiller iwwerloossen, weise mer him méi Respekt wéi dem Liewen. An et ass jo awer grad d’Liewen, dat eis déi Mënsche geschenkt huet, an e Liewen hält mam Doud op. Ouni Doud gëtt et kee Liewen, an ëmgedréint, dat misste mer dach sou lues wëssen. Mir géife besser drun doen, dem Doud géintiwwer eng gesond Haltung unzehuelen, an och de Kanner sou eng bäizebréngen. A wat ass den Doud iwwerhaapt? Ass et just dee Moment, wou mer aus dem Liewe ginn? Oder och déi Onendlechkeet duerno? A wat ass mat der Onendlechkeet virun eisem Liewen? Ware mer do och schonn dout?