Mat Band am Flying

Wéini
19/11/2021
8:00 pm - 11:00 pm

Wou
Flying Dutchman

TICKETS

De Serge Tonnar kënnt zréck op d’Bün vum Flying Dutchman, awer ouni seng Band Legotrip, déi scho virum Virus dropgaangen ass. Hie spillt mat Museker, déi aus ganz verschidde Richtunge kommen, an déi dem Kenner net onbekannt dierfte sinn. Mat hinne schafft hien och un un neie Lidder, vun deenen een dat eent oder anert scho live erliewe kann. Seng Lidder bleiwen eng Impfung géint emotionell a spirituell Veraarmung a maachen immun géint Intoleranz a blannt Follegen.

Serge Tonnar: Gittar a Gesang
Eric Falchero: Piano a Gedeessems
Rom Christnach: Bass
Ben Claus: Brëtellspiano & elektresch Uergel
Dirk Kellen: Batterie

Loading Map....