LIVE AM BRANDBAU ! ALBUM RELEASE

Wéini
30/05/2026
7:30 pm

Wou
BRANDBAU

MASKéNADA presentéiert
Serge Tonnar Trio
LIVE AM BRANDBAU
ALBUM RELEASE CONCERT

TICKETS

No 3 Deeg Residenz zu Wooltz am Brandbau am Abrëll 2025, huet de Serge Tonnar mat sengem Trio de Publikum op 2 Owenter agelueden, fir derbäi ze sinn, bei der Opnam vun dësem Live-Album.

Den Trio, mam Michel Meis a Boris Schmidt, gouf 2023 an d’Liewe geruff, an et si bis ewell keng Opname ginn. De Boris um Kontrabass ass e Meeschter am Grooven, eng roueg awer stabil Presenz, déi dem Sound déi néideg Déift gëtt. De Michel spillt d’Battri wéi e melodescht Instrument, subtil, verspillt a voller Iwwerraschungen. Den Autodidakt Serge Tonnar, op der Gittar, gëtt sengem Trio de Rescht, an sou héiert ee seng Lidder an engem neie Klangkleed, mat méi Raum an Otempausen, e bësse jazzy an easy-going, awer och emol mat méi fatzegen Instrumental-Passagen.

Al an nei Stécker ginn et hei ëm d’Oueren, all mat neien Arrangementer déi an der Residenz zu Wooltz entstane sinn. 

Loading Map....