Wéini
17/10/2025 - 26/10/2025
All Day
Stued Theater
De Poutty Stein, gliddeg aus der Pan mam Duo Tonnar Urwald
Stued Theater
17.10. – 26.10. 2025
TICKETS
OKTOBER 17 / 18 / 22 / 24 / 25 um 20 Auer
OKOBER 26 um 17 Auer
Präis 25€ ( 15€ )
Jidd Mënsch, dee propper denkt,
deem wëll ech d’Hand gär drécken.
An deen, deen ‘t net ‘sou mengt,
dee kann am Aasch mech lecken.
Lidder vum Poutty Stein, dem Papp vun der Lëtzebuergescher Chanson, wéi een se nach ni héieren huet. Nieft Klassiker wéi “Déi Schnëss” oder “De schéine Poli”, kritt een och manner Bekanntes (dofir net manner opreegend) ze héieren. Den Text an d’Geschichten stinn hei nees am Mëttelpunkt, mam Serge senger bal erzielerescher Interpretatioun an dem Georges senge Pianoskläng, déi wéi d’Fauscht op d’A passen.
De Poutty gëtt hei mam Dicks gemickst, well den Duo gëtt och e puer Pierele vum Meeschter Edmond zum Beschten, fir den Owend ofzerënnen.