Wéini
01/03/2026 - 15/03/2026
All Day
Banannefabrik
MÄERZ 2025
1/8/15 (17 Auer)
4/6/7/11/13/14 (19 Auer)
BANANNEFABRIK (LU)
An der Däischtert
Fäerten déi Kleng wat si net gesinn
An der Däischtert
An déi Grouss trauen sech anescht ze sinn
E Concert, ganz an der Däischtert. Fir déi, déi wierklech lauschtere wëllen. Fir déi, déi sech selwer e Bild wëlle maachen. A fir all déi, déi den Tonnar net kënne gesinn, hei sinn si net eleng. Dir zou, Luuchten aus, Aen zou, Oueren op…
“du jamais vu!”
E puer Stëmmen “aus der Däischtert”:
Ech hat de Brëll ausgedoen an hunn awer näischt gesinn. Dem Serge Tonnar seng Lidder sinn esou direkt iwwert d’Oueren an d’Häerz gaangen, ouni Filter. Dat wor ganz grousse Kino…an der Däischtert!
Sound, Stëmm an Erofkommen. An der Däischtert ass een Erliefnis wou sech Welte vu Sound a Klang opdinn.
Et war richteg entspanend a schéin sech ze sëtzen an nëmmen ze lauschteren… an awer konnt een och méi aktiv matmaachen andeems een amplaz ze sëtzen och matzen am Sall stoung. D’Stoen huet di ganz Experienz immens spannend gemaach an huet mech méi mat der Musek connectéiert.

